Eng Welt wou all Kand Zougang huet zu eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung an engem Ëmfeld dat fir seng Entwécklung a Participatioun fërderlech ass.

 

 

Eis Projeten

Eis Projete setzen de Schwéierpunkt op d’schoulesch an d’berufflech Ausbildung vu Kanner a Jonken a Bolivien, am Senegal, am Niger an op Cabo Verde. Wichteg heibäi ass eng enk Zesummenaarbecht mat enger gutt strukturéierter Organisatioun aus dem Partnerland. Dës Relatioun baséiert op géigesäitegem Vertrauen, dat duerch gemeinsam Wäertvirstellungen an e regelméissegen Austausch entstanen ass.

 

 

 

Edukativ Aarbecht zu Lëtzebuerg

Hei zu Lëtzebuerg bidden mir Informatiouns- a Sensibilisatiounsaktivitéite un – an de Schoulen an am Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Op de Camp-Chantieren engagéiere sech jonk Erwuessener an der Realisatioun vu Projeten a léieren dobäi en anert Land an eng aner Kultur kennen.

 

 

 

Maach mat!

Dir wëllt eis Aarbecht mat engem Don ënnerstëtzen, eis kontaktéieren oder iech bei eis engagéieren (z. B. mat engem Service Voluntaire)? Da sidd dir hei richteg!