Eis Projete setzen de Schwéierpunkt op d’schoulesch an d’berufflech Ausbildung vu Kanner a Jonken a Bolivien, dem Senegal an dem Niger. Wichteg heibäi ass eng enk Zesummenaarbecht mat enger gutt strukturéierter Organisatioun aus dem Partnerland. Dës Relatioun baséiert op géigesäitegem Vertrauen, dat duerch gemeinsam Wäertvirstellungen an e regelméissegen Austausch entstanen ass.