Bio-Mangoen fir den Niger

Footer_small-blank

D’Ongd Guiden a Scouten fir eng Welt verkeeft ganz frësch Bio-Mangoen aus dem Burkina Faso an Zesummenaarbecht mat Help for the planet, déi zanter 2010 e fairen Import vun Mangoen mat der Cargolux maachen.

Help for the planet op der RTL Télé: http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-magazin-kapital/3060131.html

Eng Këscht mat 8-10 Mangoen kascht 30 €, dovu ginn 7 € un eis Projeten am Niger, dir ënnerstëtzt Help for the planet, déi Projeten am Burkina Faso financéieren, an net ze vergiessen dir ënnerstëtzt déi lokal Mango-Baueren am Burkina Faso.

Dir kënnt d’Mangoen bis den 23.5 via Mail (mangos@ongd-lgs.lu) bestellen an se nom 30.5 zu de Schaffzäiten am Bureau vun der ONGD ofhuelen a bezuelen. (Tel: +352 26 94 84 23/24)

Et besteet och d’Méiglechkeet fir hallef Këschten ze bestellen. (4-5 Mangoen fir 15 €)

Maacht Iech also schnell bäi a schneekt fir de gudden Zweck!