Maach mat

Footer_small-blank

Bei ville Projeten ass op d’mannst eng Etapp virzegesinn, an deeër jonk Erwuessener an déi eenzel Phase vum Projet mat abezu ginn. Esou engagéiere sech all 3-4 Joer eng 100 lëtzebuerger RaRo ganz konkret an der Preparatioun an an der Realisatioun vu Projeten, zesumme mat der Lokalpopulatioun. Hei kënnt d’Method « Learning by doing » net ze kuerz : Duerch den Austausch léieren déi Jonk op deenen zwou « Säiten » sech selwer an d’Zesummenhäng an d’Problematik am Beräich « Nord-Sud » besser kennen. Donieft léiert all Bedeelegten nei Methoden an Technike kennen, déi him hëllefe seng Plaz ze fannen a sengem ekonomeschen a soziale Kontext, op sengem Kontinent, op der Welt… kuerz : d’«Camp-chantierë» fërdere Bridderlechkeet, Solidaritéit, Responsabilitéit a Respekt vun de Jugendlechen aus dem Norden an aus dem Süden a bleiwen och weiderhin e feste Bestanddeel vun eisem Engagement an der ONGD.

  • Eng 700 lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn, an Zesummenaarbecht mat grad sou ville Jonken aus deene jeeweilege Partnerlänner, an deene leschten 20 Joer d’Chance mam Schlawittche geholl, fir aktiv bei engem Entwécklungsprojet derbäi ze sinn.
  • Entstane sinn ë.a. zwou Beruffsschoulen, Spillplazen, Gesondheetsstatiounen, e Formatiounszentrum a Projetë mat de Schwéierpunkten « Aidsopklärung », « Austausch » a « Reboisement ».
  • Grouss Camp-Chantieren am Senegal Enn den 80er an ufanks den 90er Joren
  • E grousse Revival vun de Senegalprojetë war am Summer 2008 am Senegal, wou eng 100 Lëtzebuerger, souwuel jonk RaRo, wéi awer och « al Huesen », zesumme mat grad sou villen « Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal » derbäi waren.
  • « Kultour » 1996 am Senegal an am Chile
  • Odysseeprojeten 1999, 2003, 2006 an 2010 a Bolivien, op Haiti, an Indien, am Maroc, am Senegal, am Niger, am Vietnam an a Bosnien …