E Bläistëft fir den NIGER 2015-2017

E Bläistëft fir den NIGER

Am Niger ginn nach ëmmer 28% vun de Kanner net an d’Schoul. A fir déi, déi an d‘Schoul ginn, sinn d’Konditiounen och nach laang net ideal: d’Infrastrukture sinn net adaptéiert, d’Klasse sinn iwwerfëllt, et gëtt net genuch schoulescht, didaktescht a pädagogescht Material an d’Coure sinn net ëmmer vu gudder Qualitéit. Dës Situatioun an deen héije Präis fir d’Schoulmaterial féiert oft dozou datt d’Kanner fréizäiteg mat der Schoul ophalen. An och wann den Taux vun deene Kanner déi ufanks an d’Schoul ginn an deene leschte Joren zougeholl huet,  ass et dach esou datt just 55% vun de Kanner hir Primärschoul och fäerdeg maachen.

Eis Partnerorganisatioun „Les amis de l’école LADE“ spillt eng wichteg Roll, wann et drëms geet datt d’Elteren hir Kanner méi laang an d’Schoul goe kënne loossen. LADE ënnerstëtzen nämlech déi Elteren, déi net selwer fir d’Käschte vum Schoulmaterial opkomme kënnen. De Projet finanzéiert e groussen Deel vum Material, ma och d’Eltere bezuelen en Deel vum Material.

Lokal Partner
Les amis de l’école LADE

Zieler
D’Ziel vum Projet ass et , datt d’Kanner an de Regiounen Niamey, Niabere a Sanam weider an d’Schoul kënne goen an duerch ausserschoulesch Aktivitéiten an hirem Responsabilitéitssënn gestäerkt ginn. Dëst z.B. duerch d’Ënnerhale vun engem Héngerstall oder d’Uleeë vu Geméisgäert.
D’Ënnerstëtzung erfollegt duerch d’Stelle vu Schoulmaterial fir d’Schüler an vun didakteschem Material fir d’Klassesäll. Ausserdeem gi Formatiounen a Sensibiliséierungscampagne fir d’Schüler a fir d’Léierpersonal organiséiert. Sensibilisatiounen decke Beräicher wéi Kannerrechter, Ëmwelt, Klimawandel a Santé of.

Aktivitéiten

Tëscht 2015-2017 gi folgend Aktivitéiten ëmgesat:

  • Zur Verfügungstelle vu Schoulmaterial fir d‘Schüler a 26 Schoulen
  • Zur Verfügungstelle vum pädagogesche Material a 26 Schoulen
  • Zur Verfügungstelle vum Spill- a Sportmaterial a 26 Schoulen
  • Kafe vu 400 Schoulbänke mat Still fir 3 Schoulen
  • Baue vun engem Héngerstall an 3 Schoulen an Uleeë vun engem Geméisgaërt an 20 Schoulen
  • Organiséiere vu Formatiounen a pädagogesche Rencontere fir d’Léierpersonal vun deene 26 Schoulen

Dauer: 3 Joer (2015-2016-2017)

Gesamtbudget: 312.875 €

Budgeten op d’Joer gekuckt:

  • 2015:  98 261 €
  • 2016: 100 224 €
  • 2017: 123 390 €

Beneficiairen: Méi wéi 11.000 Schüler am Alter vu 7 bis 13 Joer aus 27 Schoulen, déi sech a schwierege Situatioune befannen.