MEC FONEES 2018-2021

Zënter den Joren 2000 vereinfacht Mutuelle d’épargne et de crédit FONEES , den Zougang zu engem Kredit fir d’Gemeinschaften an virun allem fir déi déi zu deenen  schwächsten vun der Gesellschaft zielen. Si gouf geschaafen fir eng Klientell mat ganz niddregem Akommes an speziell fir Jonker, Fraën an Leit mat engem Handicap déi besonnesch vum Chômage an der Ënnerbeschäftegung betraff sinn.

D’MEC FONEES wollt och op den schwieregen Zougang zu engem Kredit an den ländlechen Géigenden äntwerten an si huet, ausserhalb vun Dakar, acht lokal Keesen opgemaacht. Notamment zu Mboro, wou si ganz enk mat engem aaneren Partner vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt, Jeunesse et Développement, deen och aus dem Scoutsmouvement vun den éclaireurs et éclaireuses du Sénégal entstaan, zesummenschafft.

D’Mec FONEES zielt haut méi wéi 2500 Memberen (personnes physiques) an 150 Gruppen ( zesummengesat aus  ongeféier 15 Leit pro Grupp ).

D’ONGD Guiden  a Scouten fir ENG Welt ënnerstëtzt d’Mec FONEES zënter 2005 mat der Hëllef fir déi Jonk.

Souwuel den FONEES wéi och d’ONGD sinn der Meenung dass eng besser Begleedung vun den Leit duerch Formatiounen am Beraich Kréatioun an Gestioun vun enger Entreprise, den Leit hëlleft hir Krediter besser ze géréieren an méi Erfolleg an hirer Mini-Entreprise ze hunn.

Dëst huet sech bestätegt an den viirechten Projete wou festgestallt gouf dass déi Fraën an Jonker déi un den Formatiounen deelgeholl haten, manner Probleemer haten fir hiren Kredit zerëck ze bezuelen. D’Entrepreneuriat ass och unerkannt als wichteg a richteg  Arbechtsméiglechkeet fir déi Jonk an Fraën déi vill vum Chômage betraff sinn.

Dat ass eng Ursaach firwat d’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt décidéiert hunn dësen Projet fir Formatioun vun deenen Jonken an den Fraën déi en Kredit vun der Mec FONEES hun, ze ënnerstëtzen an ze ernéieren.

Partner

La Mutuelle d’épargne et de crédit du fonds national des éclaireuses et éclaireurs du Sénégal (MEC/FONEES)

Ziler

Finanziell an aaner Servicer ubidden fir eng nohalteg Verbesserung vun den Liewensëmstänn vun deenen méi Schwaachen an der Gesellschaft an besonnesch vun deenen Jonken, den Fraën an den Behënnerten, an dat esou wéi et den Wärter vum Scoutismus entsprecht.

Aaner Servicer sinn virun allem Formatiounen an der Kréatioun an Gestioun vun enger Entreprise déi deenen Leit, déi den Kredit kritt hunn,  sollen Mëttel ginn dësen Kredit esou gutt ewéi méiglech ze geréieren.

Aktivitéiten

An deenen véier Joër  (2018-2021), gi folgend Aktivitéien gemaach :

  • Organiséiere vun fënnef Formatiounen pro Joër fir 500 Jonker an der “Kréatioun an Gestioun vun enger  Entreprise” PME (kleng an mëttelgrouss Entreprisen) an an Aktivitéiten déi eegen Recetten erfirbrengen.
  • Schaafen vun engem Kreditfong fir Micro-Entreprisen zu Mboro. Krediter ginn verdeeelt un Gruppen, zum Beispill Gruppe vun Fraën, déi sech intern selwer organiséieren wat si mat den Suën schaffen. Esou leeden d’Bénéficiairen Aktivitéiten an de Beraïcher Commerce, Agrikultur, Coiffure , Bitzen, asw. Projëte ginn genau analyséiert eier si finanzéiert ginn.
  • Organiséiere vun engem Suivi fir d’Bénéficiairen : all Mount gëtt eng Versammlung fir déi Leit, déi ee Kredit kruten esou wéi régelméisseg Suivi-Versammlungen fir déi Leit déi un de Formatiounen deelgeholl hunn, ofgehalen.
  • Verstäerke vun der Ekipp vun der MEC/FONEES duerch Formatiounen an duerch Ënnerstëtzung

Dauer

4 Joër : 2018-2021

Gesamtbudget :          140.167 €

  • 2018: 33 874,80 €
  • 2019: 33 874,80 €
  • 2020: 36 208,92 € 
  • 2021:  36 208,92 €

Bénéficiairen 

500 Jonker vun Mboro an vun Dakar profitéieren vun der Ënnerstëtzung vum Projet an dëst duerch Formatiounen an Krediter fir hir Micro-Entreprisen