Service Volontaire de Coopération en partenariat avec le SNJ
De „Service Volontaire de Coopération“ (SVC) gouf vum Service National de la Jeunesse, an Zesummenaarbecht mam Ministère des Affaires Etrangères a mam Cercle de Coopération am November 2007 an d‘Liewe geruff.
Dëse Service bidd Jonken d‘Méiglechkeet, sech an Zesummenaarbecht mat enger lëtzebuerger ONG fir e Projet ze engagéieren an um Terrain ze schaffen. D‘ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“ ass eng unerkannten „organisation d‘envoi“ a kann all Joer 2 Volontairen bei eng vun hire Partnerorganisatioune schécken. Natierlech muss esou e Projet am Viraus kloer definéiert ginn an e soll natierlech och vun der Partnerorganisatioun fir sënnvoll ugesi ginn.
D‘Conditiounen, fir eng Demande fir e SVC kënnen ze maachen, sinn déi heiten:
- D‘Kandidatin/de Kandidat ass tëschend 18 an 30 Joer al
- De Jonken ass bereet, tëschend 3 an 12 Méint vollzäit an onbezuelt um Terrain ze schaffen
- Hien ass a Kontakt mat enger vum Ministère des Affaires Etrangères agreéierter „organisation d‘envoi“, mat deeër hien zesummen e Projet formuléiert an déi och bereet ass, hien asengen Demarchen ze ënnerstëtzen
- D‘Partnerorganisatioun um Terrain hirersäits engagéiert sech, dem Jonken e Logement ze organiséieren an Uspriechpartner zur Säit ze stellen
- De Volonär engagéiert sech, un de Formatiounen deelzehuelen, déi vun der ONG a vum SNJ oder vum Cercle de Coopération organiséiert ginn
- Hien muss dem SNJ eng Projetsbeschreiwung ofginn an e Bilan maachen
Weider Informatiounen fann dir um Site vum SNJ oder beim Cercle de Coopération

