Découvrez les premières impressions d’Annick, volontaire au CREPE

Mäin éischte Mount am Senegal

Mat rouden, gielen, bloen, gréngen, mofen oder orangen Bännercher ronderëm de Kapp setzen eng Ronn 200 Kanner, opgedeelt a 6 Famillen, um Buedem a kucke gespaant den Animatiounen no. Zu Tivaouanne huet virun e puer Deeg de Crevaq (Crepe Vacances de Quartier) ugefaangen: meng éischt Missioun als Volontairin am Crepe (Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotion des Enfants). Et handelt sech ëm eng Aart Vakanzenaktivitéit, wou d‘Kanner aus der Uertschaft sech wärend 10 Deeg treffen: Et gëtt gesongen, an d‘Hänn geklappt, gedanzt an den Djembéë keng Paus gelooss. Ech sinn iwwerzeegt, dass eng Rei vun de Lidder, déi ech do gesongen hu, mech als Ohrwurm nach ganz laang begleede wäerten. Highlight sinn awer d’„Jeux olympiques“ wou d’Kanner an enger Rei Spiller géinteneen untrieden. Vum éischte Moment u war ech Deel vun der Ekipp a krut alles genau erkläert a gewisen: Wéi eng Dänz zu wéi enge Lidder passen, wei ee richteg mat den Hänn ësst, wéi eng „Ethnien“ et gëtt a wéi een sech traditionell passend dozou undeet.

Zu Mboro wunnen ech an enger Gaschtfamill, an och hei gouf ech direkt häerzlech empfaangen, gouf an hier Téikultur ageweit, vu mengem 12-Järege Gaschtbrudder am Fändelroden ofgezunn a kréie reegelméisseg Wolof Kueren. Woubäi suur naa (ech si sat) definitiv mäi meescht benotze Wuert ass. D’Plage direkt bei Mboro ass mëttlerweil eng vu menge Liblingsplazen, hei kann ech ofschalten, meng Erliefnesser reflektéieren, de Moment genéissen a mech am Mier mol méi, mol manner ofkillen.

Ech freeë mech op déi nächst Méint an op all déi nei Erfarungen, déi mech nach op mengem Wee begleede wäerten. Ech wëll de Senegal nach weider entdecken, nei Plaze kenneléieren, nei Frëndschafte schléissen an nach vill onvergiesslech Momenter sammelen.

Annick