E Bläisteft fir den Niger 2018-2021

 

Den Zougang, d’Formatioun an den Erfahrungsaustausch tëschent den Acteuren an onsen Partnerschoulen verbesseren

 

Lokal Partner

Les amis de l’école LADE

Ziler

  • Partnerschoule mat Schoulmaterial a Schoulbicher ënnerstëtzen
  • Uleeë vu Schoulgäert an Héngerstall
  • Kapassitéit vum Léierpersonal an de Membere vun « Comités de Gestion Décentralisée des Etablissements Scolaires partenaires » verstäerken
  • Formatiounen iwwert Theme wéi Kannerrechter, Gesondheet, Citoyennetéit a Fridde fir déi betreffend Kanner organiséieren
  • Renconteren a Meenungsaustausch tëschent de Partner vun all de concernéierte Schoulen organiséieren

Kontext

Trotz der Ënnerstëtzung an den Efforte vu Säite vun der Regierung fir d’Ausbildung vun de Kanner am Land, louch den Taux Brut vun den Aschoulungen am Joer 2016 bei 76%, wat bedeit dass ëmmer nach 24% vun de Kanner am Schoulalter net a Schoul ginn. Et bleift och eng grouss Diskrepanz tëschent Jongen a Meedercher. Et ginn nach 30% vun de Meedercher net an d’Schoul.

D’Zuel vun den Ofschlëss vun der Primärschoul huet vill geännert a louch 2016 bei 78%, 2014 waren et just 55%. Hei sinn och erëm Meedercher am Nodeel, si bleiwe bei 69,5% (10% manner ewéi hir männlech Klassekomeroden).

Konditiounen an de Schoule bleiwen awer précaire: net ugepassten Infrastrukturen, ganz grouss Klasse besonnesch an den éischte Schouljoren, net genuch Schoulmaterial, net genuch didaktesch a pedagogescht Material esou dass Couren net ëmmer vu gudder Qualitéit sinn.

D’Ënnerstëtzung vu LADE  spillt wierklech eng wichteg Roll fir d’Elteren déi hir Kanner an d’Schoul wëlle goe loosse mee déi net selwer fir Käschte vum Schoulmaterial kënnen opkommen.

De Projet finanzéiert nämlech en groussen Deel vum vum Material. Et ass awer wichteg dass d’Elteren och ëmmer en Deel vum Material bezuelen an d’Material net komplette gratis ass, fir esou den Engagement vun den Elteren z’encouragéieren.

Ausserdeem gi Formatiounen an aner ausserschoulesch Aktivitéiten de Kanner eng zousätzlech Stimulatioun déi wäit iwwert de Schoulberäich erausgeet a wichteg Alldagsthemen uschwätzt.

Dauer vum Projet

4 Joer (2018-2021)

Budget vum Projet : 385.000 €  –

  • 2018 : 96 250 €
  • 2019 : 96 250 €
  • 2020 : 96 250 €
  • 2021 : 96 250 €

Beneficiairen

Méi ewéi 11.000 Schüler tëschent 7 an 18 Joer, aus schwierege Situatiounen, ginn all Joer hei begleet a sinn a 26 Schoulen an 1 Lycée opgedeelt.

Aktivitéiten

Fir déi 4 Joer (2018-2021), gesäit den Projet fir :

  • Sensibiliséierungsséancen iwwert Kannerrechter a Gesondheet fir minimum 2000 Kanner pro Joer ze organiséieren
  • Véier Formatioune fir pro Joer Kapassitéit vun de Comités de Gestion vun de Schoulen ëm 84 Memberen ze verstäerken
  • Dräi Sessiounen an der administrativer Gestioun fir och Kapazitéit vun de Schouldirekteren an de Partnerschoule vu LADE ze verstäerken
  • Citoyennetéit an de Partnerschoulen ënnerstëtze mat Hëllef vu Schafe vu Kannerschoulregierungen
  • En Fussballchampionnat Inter-école pro Joer organiséieren
  • An 26 Schoulen an 1 Lycée Schoulmaterial zur Verfügung stellen
  • An 26 Schoulen an 1 Lycée pädagogescht Material zur Verfügung stellen
  • An 26 Schoulen an 1 Lycée Spill- a Sportmaterial zur Verfügung stellen
  • Kafe vu 400 Schoulbänke mat Still fir 4 Schoulen
  • Baue vun Héngerställ a Geméisgäert fir 3 Schoulen
  • Organiséiere vu Formatiounen a pedagogesche Rencontere fir d’Léierpersonal vu 26 Schoulen