Volontariat am Senegal – Joan

Salamalekum!

Den 1. Oktober sinn ech Owes um Flughafen zu Dakar, der Haaptstad vum Sénégal, gelant. Déi éischt Saachen, déi mer opgefall sinn, waren d’Hëtzt, d’Organisatioun, déi chaotesch a “relax” gläichzäiteg war, an d’Frëndlechkeet an d’Oppenheet vun de Leit. Dat si mëttlerweil bal 4 Méint hier a wat d’Hëtzt ugeet, huet et sech ofgekillt; dëst ass vir de Chaos an d’Frëndlechkeet allerdéngs net de Fall. Am Sénégal gëtt et ee Prinzip dee sech “Teranga” nennt, dat heescht, dass ee jiddereen oppe begréisst a frëndlech mat senge Gäscht a sengen Noperen ass. Dëst huet mer d’Integratioun am Sénégal relativ einfach gemaach.
Ech wunne vir 6 an een hallwe Mount zu Mboro, enger Stad am Norde vum Sénégal a schaffen als Volontaire am CREPE (Centre de Ressources Educationnelles et de Promotion des Enfants), enger Schoul vir benodeelegt Kanner vu 5 bis 15 Joer, déi zum Zil huet, d’Kanner an dee formelle Schoulsystem z’integréieren. Dëse Projet ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht vun der “ONGD Guiden a Scoute vir eng Welt” a “Jeunesse et Développement” , der ONG vun den “Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal”. Et gëtt innerhalb vum CREPE och nach ee Projet, dee Kanner mat engem Handicap an d’Klassen integréiert.
Vir de Moment ass meng Haaptbeschäftegung “Arts plastiques”- Coure mat engem anere lëtzebuergesche Meedchen, d’Capucine, ze ginn, woubäi mir mat all den Altersklasse verschidde Saache molen a bastelen (zum Beispill Kaarte vir Chrëschtdag, d’Fändele vun den afrikanesche Länner, de Faarwkreess,…) Dës Aarbecht gefält mir super gutt, wëll ech gär kreativ Saache maachen an d’Kanner meeschtens motivéiert sinn, ze bastelen, a wëll een dono ee richtegt Resultat huet, mee mir hëllefen och soss nach bei deem wou grad Hëllef gebraucht gëtt. D’Ekipp am CREPE ass wierklech sympathesch a generell ass et einfach, Kontakt mat de Leit opzebauen. Ech drénken zum Beispill heiansdo mat Frënn “Attaya” (den typesche sénégaleseschen Téi, dee ganz staark a séiss ass), a lëschte Weekend ware mir mat Frëndinnen, déi mir op engem Scoutsweekend kennegeléiert hunn, Dakar besichen. Am Sénégal gëtt ausserdeem gär gedanzt a geféiert, ech war souguer schon op 5 Hochzäiten! Et léiert een deelweis, verschidde Saache méi locker ze gesinn a sech manner ze stressen, mee och méi oppen ze sinn.
Et ass natierlech net ëmmer einfach, wëll et awer ganz anescht ass wéi zu Lëtzebuerg, mir hunn net ëmmer dee Luxus deen ee vun Doheem gewinnt ass, mee heiansdo soen ech mer, dass een deen och net wierklech brauch… Wat Bildung a Gesondheet ugeet muss de Sénégal sech deelweis nach vill entwéckelen, mee sou Projete wéi de CREPE droe lokal scho mol dozou bäi, an dëst mécht dee Projet vir mech zu engem Musterbeispill vun deem wat d’Solidaritéit an d’Frëndschaft zwëschen de Scouten (oder schon einfach zwësche verschiddene Länner) op internationalem Niveau erreeche kënnen.
Sou vill wéi ech Lëtzebuerg vermëssen, wäert et awer schwéier vir mech ginn, meng sénégalesesch Famill an d’Kanner aus dem CREPE ze verloossen, mee bis dohin ass et nach e bëssen an et gëtt nach vill Aarbescht!
____________