Edukativ Aarbecht

E wichtege Volet vun den Aktivitéiten vun der ONGD ass d’Jugendaarbecht um Niveau vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Op de Camp Chantieren, déi all puer Joer organiséiert ginn, léiere jonk Erwuessener en anert Land, eng aner Kultur an eng aner Liewensweis kennen.

Niewent dëse prakteschen a perséinlech ganz wäertvollen Erfahrungen ass d’ONGD awer och beméit, d’Thema “nohalteg Entwécklung” zu Lëtzebuerg méi gräifbar ze maachen. Thematesch Formatioune fir Chef/tainen vum Verband a pädagogesch Instrumenter, déi si mat op de Wee kréien, sollen hinnen hëllefen, de Kanner a Jugendlechen d’Zesummenhäng tëschent Nord a Süd an eiser globaler Welt méi no ze bréngen. Et ginn awer och Informatiouns- a Sensibilisatiounsaktivitéite an de Grondschoulen an an de Lycéeën ugebueden.

 

De Grupp Nord-Süd

De Grupp Nord-Süd as en Arbechtsgrupp vun benevolen Guiden a Scouten an/oder Memberen vun der ONGD, déi sech zanter 2007 u folgenden Aktivitéiten bedeelegen:

  • Matgestaltung vun de Fierbereedungsweekender, wou di Jonk op d’Camp Chantieren am Süden fierbereed ginn
  • Ausschaffen vun Aktivitéite fir Kanner an Jonker zum Thema nohalteg Entwécklung an der Nord-Süd Problematik
  • Publikatioun vun engem Spillclasseur fir jonk Chef/tainen an aner Interessenten
  • Bedeelegung un der Ausbildung vun den jonke Chef/tainen op den Formatiounsweekender

De Grupp Nord-Süd as en oppene Grupp, bei deem jiddereen kann matmachen als feste Member vum Grupp oder bei eenzelnen Aktivitéiten. Wann dir interesséiert sidd, mellt iech einfach bei eis!