Schoul Projeten

E wichtegen Deel vun eiser edukativer Aarbecht ass net nëmmen d’Jugendaarbecht mat de Scouten, mee och mat de Schülerinnen a Schüler aus verschiddenen Altersgruppen an de Lëtzebuerger Lycéeën a Grondschoulen.

Mir organiséiere mat verschiddene Lycéeën Atelieren fir d’Themen Kannerrechter, nohalteg Entwécklung, Toleranz a Fridden de Schüler méi gräifbar ze maachen. D’Zëssumenhäng tëschent dem Norden an dem Süden an eiser globaler Welt gi mat Hëllef vu Spiller a Beispiller de Schüler méi no bruecht.

Eis Offer

  • Bereetstelle vu pedagogeschen Aktivitéite a Material fir Kanner, Jugendlecher a Scoulpersonal fir d’Zesummenhäng tëscht Nord a Süd méi no ze bréngen
  • Workshoppen iwwer Kannerrechter an d’Ziler fir eng nohalteg Entwécklung, besonnesch d’Zil Nummer 4: Héichwäerteg Educatioun
  • Atelieren an Informatiounsstänn an de Schoulen iwwer Theme vun de Kannerrechter an d’Ziler fir eng nohalteg Entwécklung

➡️ Mir géifen eis freeën, mat enger vun eisen Offeren och an Är Schoul ze kommen. Wann Dir interesséiert sidd, schreift eis einfach eng kuerz Noriicht.