Volontariat en Bolivie – Regina

Hola,

Meng Aventure huet den 8 Oktober 2017 ugefaang.

Zu Cochachamba, an der Stadt vum eiwegen Fréijoër,  ukomm, ass mir fir d’eischt den Autoschaos opgefall, jidfereen fiirt hei wéi hien wëllt , déi vill elektresch Kaabelen déi iwwerall erofhänken an den Knascht  ,all dat huet mech impressionnéiert.

Mee no e puer Deeg sinn ech op Bella Vista gefuer, e  klengt Duerf , nëmmen 50 Minuten vun der Stad ewech, wou ech och elo liewen.

Staunen an Freed dëst Land ze entdecken sinn ëmmer nach grouss.

Ech schaffen fir 7 Méint als Volontaire zu Bella Vista am Studentenhaus  Musuj K’anchay, wou Studenten aus méi aarmen Famillen fir 3 Joër  wunnen an am techneschen Institut  Sayarinapaj léieren kënnen .  Déi 2 Haiser gehéieren zur Fundación  Cristo Vive Bolivia, en Projet deen mat ënnerstëtzt gët vun den Guiden a Scouten fir ENG Welt.

Am Ufank wor et nët einfach , och well Schouljoër schonn baal färdeg war, mee elo zënter Januar hëllefen ech Studenten begleeden an Aktivitéiten mat hinnen ze maachen.

Liewen an Bolivien ass opreegent an gefällt mir ganz gutt.

Den öffentlechen Transport geet hei mat den Trufís, dat sinn Transportcamionetten, déi quasi all fënnef Minuten laanschtfueren an keen festen Trajets hunn. Passagéier kommen awer ëmmen dohin wou si wëllen mee oft mat vill Gedold an Zait.

Wat mir gutt an Bolivien gefällt, sinn Märt iwwerall. Deen schéinsten an gréissten Maart ass awer zu LaCancha, wou een alles kritt, wirklech alles. Muss een awer op Täschendéif oppassen.

 

Bolivianer sinn am Groussen an Ganzen sympatesch, mee si probéieren awer ëmmer d’Auslänner ze bedupsen an e puer Bolivianos bei den Praiss bai ze setzen. Dat muss een mat Humor huelen.

Mee si  behandelen mech ewéi  eng Bolivianerin, nënnen mech ‘Mamita’, an invitéieren mech op hir Fester.

Hei sinn Famill an Frënn ganz wichteg.  Déi meescht Leit sinn och ganz  vill un hir Kultur attachéiert an droën déi traditionnell Kleeder.

D’Iessen besteet och vill aus traditionnellen  Platen , sou wéi Pique Macho, sopa de Mani, Planchita…, gët awer och vill gebrodenen Poulet  mat Fritten, Reis an Nuddelen.

Ofgesin vum Iessen , wat anescht ass wéi zu Lëtzebuerg, ass den Rythmus och anescht, méi lues an méi relax. Wat mecht dass vill Bolivianer ze spéit kommen an d’Arbecht sech nëmmen lues a lues mecht. Et muss een vill Gedold hun.

 

Ech hunn geléiert mat vill manner Komfort ze liewen. D’Haiser sinn vill méi kleng, nët ëmmer an engem gudden Zoustand a  fir grouss Famillen. Dann ass d’Appartement wat ech mat engem aaneren Volontär deelen  ganz an der Rei.

Obschonn Bolivien an den läschten Joër vill Progrès gemaacht huet , bleift nach vill ze dinn, besonnesch an den Beräicher  Gesondheet, Ëmwelt an Erzéiung.

Virun allem an den ländlechen Géigenden , hunn Leit keen Zougang zu Spideeler an Medikamenter an si sinn sech och nët bewosst  wéi wichteg et ass den Knascht nët einfach an d’Waasser ze geheien.

D’Schoulausbildung huet vill Fortschrëtter gemaacht déi läscht Joren : Meedercher hun den selwechten Zougang zur Ausbildung ewéi d’Jongen an d’Majoritéit vun den Kanner geet an d’Schoul.

Et sinn awer nach vill Kanner déi ze fréi mat der Schoul ophaalen.

Fundación Cristo Vive Bolivia zesummen mat der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt ass dofir ganz wichteg, well si deenen Jonken erlaabt hir Ausbildung bis zum Diplom weider ze maachen  , wat hir Zukunft an déi vum Land beaflosst.