Journée de solidarité um Fieldgen

Dënschdeg den 27.02.2018, haten mir ons mat ageschriwen fir d’Journée de solidarité 2018 um Fieldgen.

Mir haten Rendez-vous mat enger 9e TE – technique. Wat interessant war, ass dass et en ganz gemeschten Grupp vun den Nationaliétiten hir war, wat während den Aktivitéiten interessant Ausoën an Reflektiounen bruecht huet.

Mir haten hinnen Thema «  Migratioun » proposéiert.

Mir hun dëst Thema erausgesicht well et en wichtegt Thema fir ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt  ass an am Ament och en Thema wat allgemeng vill präsent ass.

Fortgoën vun Menschen aus hiren Géigenden , hirem Land aus den verschiddestensten Ursaachen ass ëmmer schwéier an hannerléist besonnesch och an den Herkunftslänner en grousst Lach wat mir als ONGD an onsen Partnerlänner erliewen .

Mir hun eng ganz Partie Aktivitéiten zesummen gemaacht déi vill Zousproch an vill pertinent Iwwerléeungen bruecht hunn.

Zait war immens séier  ëm. Et war en flotten Moien an en ganz produktiven Echange.