Ateliers de sensibilisation au développement avec les partenaires

Am Kader vun hirem 30ten Anniversaire, hat d’ONGD Guiden a Scouten zesummen mat hire Partner aus dem Niger, dem Abdoulaye Amadou an aus dem Senegal, dem Ibou Gueye, verschidden Aktivitéiten organiséiert fir esou hir Projeten an der Entwécklungserzéiung an der Sensibilisatioun enger Rei Kanner a Jonker, Schüler a Scouten, méi no ze bréngen.

Déi dräi Woche ware gutt gefëllt an d’Aktivitéite waren e grousse Succès bei deene jonke Schüler a Scouten aus de Gemenge vu Bieles, Esch /Uelzecht, Eschduerf, Lëtzebuerg, Mertert an Ëlwen, wéi déi puer Fotoen hei et weisen.

De Fait, dass ons Partner dobäi waren an vun hirer alldeeglecher Aarbecht erziele konnten, huet d’Aktivitéite méi lieweg an interessant gemaacht. D’Spontaneitéit an de Virwëtz vun deene Jenksten hunn den Austausch onkomplizéiert an immens beräicherend fir ons all gemaacht.

D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt an seng Partner hoffen domat e bessert  Verständnis fir déi verschidde Thematiken am Beräich vun der Entwécklungserzéiung an de Relatiounen Nord/Sud  erreecht ze hunn.

Mir soen onse Partner an all den Enseignanten, den Educateuren , de Scoutscheffen an all anere Leit, déi ons empfaangen hunn, Merci fir déi onvergiesslech Momenter déi mir zesummen erliewe konnten.