Mäin éischte Mount am Senegal

Salaamaalekum,
Ech sinn d’Lis vu Capellen an ech krut d’Méiglechkeet fir dëst Joer, wärend 6 Méint, en Fräiwëllegendéngscht an Zesummenaarbecht mat der ONGD-LGS an dem SNJ am Senegal ze maachen. No menger Première war et fir mech kloer datt ech net direkt wéilt op d’Uni goen an sou ass mer d’Iddi komm e Volontariat ze maachen, fir engersäits eng nei Kultur kennenzeléieren a mech anerersäits op engem net schoulesche Wee weiderzebilden.

De Projet, bei dem ech mech wäert déi nächst sechs Méint engagéieren, ass den CREPE, dëst steet vir Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotions des Enfants. Si setzen sech dofir an, datt all Kand eng Educatioun kritt, och ouni déi finanziell Mëttelen an och déi Kanner, déi ee physeschen oder mentalen Handicap hunn. D’Klass, an där ech déi nächst 6 Méint wäert schaffen, huet ënnert anerem och nach d’Aufgab, d’Schüler op eng Formatioun an engem Partner Projet, dem CIFOP, virzebereeden.

Den 1. Februar war et endlech sou wäit an ech hunn menge Frënn a menger Famill missen Äddi soen, wat net einfach, awer absolut derwäert war.
Ech hunn zu Paräis de Fliger geholl a sechs Stonnen drop sinn ech mat bësse Verspéidung am Senegal gelant. Do hunn ech och direkt d’Directrice Pédagogique aus dem CREPE kennegeléiert an zesumme sinn mir nach zwou Stonne mam Auto bis op Mboro gefuer, wou ech och wäert déi nächst sechs Méint wunnen.

Wärend der éischter Woch hat ech schonn e klenge Kulturschock, obwuel ech wousst wat mech géif erwaarden. Sou läit zum Beispill iwwerall zimlech vill Knascht an et ass och ëmmer relativ haart, wat virun allem doru läit, datt net mol 50 Meter vum Haus eng Moschee steet, déi hiren Hautparleur an eis Richtung gedréint huet a 5 mol den Dag Gebieder zum Beschte gëtt.
Eng aner grouss Ëmstellung war d’Iessen. Et ass net nëmme relativ schaarf an och fetteg, mee et ësst een och zesummen aus enger grousser Schossel an zum gréissten Deel just mat engem Läffel oder mat den Hänn. Och no engem Mount ass mer d’Iessen deelweis nach vill ze schaarf an ech si frou wann et mol eppes gëtt wat guer keng Schäerft huet.
Eng grouss Ëmstellung war och d’Duschen, wou ee just en Eemer Waasser zu Verfügung huet an een hoffe muss, datt d’Waasser an der Leitung ass, fir deen opzefëllen. Fir d’Wäsch ze maachen, besteet de selwechte Problem, net nëmme gëtt d’Wäsch op der Hand gemaach, mee et muss een och heiansdo eng Zäit drop waarden datt erëm Waasser do ass an et ass eng gewësse Freed, wann een et dann endlech héiert lafen.

Ech krut an deene leschte Wochen och schonn e gudden Abléck an déi senegalesesch Kultur. Direkt den éischte Weekend ware mer zesummen op een Anniversaire de Mariage an de Weekend drop op eng richteg senegalesesch Hochzäit, wou vill gesongen a gedanzt gouf. Ausserdeem ware mer awer och bei Leit aus Frankräich agelueden a mat hinnen zesummen hunn mer Petanque gespillt, sou hat ech alt och e bëssen Europa am Senegal.

An menger éischter Woch am CREPE hunn ech den Tour vun deene 4 Klasse gemaach, ugefaange bei deene Klenge vu 5-7 Joer bis bei déi Grouss vun 12 bis 15 Joer.
Déi Woch huet mer gehollef een Abléck an hire System ze kréien, an ze verstoe wéi hier Aart a Weis, Cours ze halen, funktionéiert an awer och ze gesinn op wéi engem Niveau di eenzel Klasse sinn, soudatt ech mech um Enn vun der éischter Woch fir eng Klass konnt entscheeden, mat der ech déi nächst 6 Méint wäert zesumme schaffen.
Ech hunn mech vir d’Klass vun de ganz Groussen, tëschent 12 a 15 Joer entscheet, well mer déi am beschte gefall huet vum Programm hier an awer och, datt si scho wéinstens e bësse Franséisch schwätzen oder et op mannst verstinn.

An deene leschten 2 Wochen hunn ech zum gréissten Deel déi aner zwee Enseignantë beim Cours a beim Verbesseren ënnerstëtzt. Heiansdo hunn ech awer och selwer Cours gehalen, zum gréissten Deel fir mat hinne Saachen ze widderhuelen. Allerdéngs stellen ech grad e Programm zesumme fir mat hinne Sport ze maachen oder ze bastelen. Ausserdeem hunn ech och mat engem anere Volontaire zesummen, Kickboxing Coure ginn oder Klassesäll mat Origami dekoréiert.

An deene leschte Wochen hunn ech och schonn ugefaange lues mee sécher Wolof ze léieren, wat relativ komplizéiert ass, well et kenger Sprooch gläicht déi ech kennen. Mee ech léieren all Dag e puer nei Wieder, wat de Kontakt mat de Leit hei natierlech vereinfacht, well si engem da géintiwwer direkt méi oppe sinn.

Bis elo hunn ech scho villes erlieft an ech hunn och schonn esou munches bäigeléiert. Ech si gespaant wat mech déi nächst 5 Méint nach wäert erwaarden an ech freeën mech de Senegal nach besser kennenzeléieren.