Salaamaalekum,
Ech sinn d‘Joyce vun Dikrech.
Ech liewe säit engem Mount zu Mboro am Senegal a maachen hei e Volontariat wat am ganze 6 Méint dauere wäert.
Ech wunnen zesumme mat enger anerer Volontaire bei der Directrice pédagogique vum Crepe (Centre de Ressources Educationnelles Pour Enfants), wou ech och schaffen.
Ech schaffen also an enger Schoul wou kierperlech a geeschteg handicapéiert Kanner integréiert ginn.
An menger éischter Woch hunn ech den Tour vun de Klasse gemaach a mir dunn eng erausgesicht. D’Kanner an där Klass sinn tëschent 8 an 12 Joer al an am ganzen zu 37.
Meng Aufgab besteet doranner den Enseignanten ënner d‘Ärm ze gräifen, Konschtcoursen ze halen, Hausaufgaben ze ginn an ze verbesseren a Spiller mat de Kanner ze maachen.
Am Moment sinn ech am Gaang een Santé Cours op d‘Been ze stellen deen ech dann an allen Klassen hale wäert.
Firwat maachen ech e Volontariat? Ech weess nach ëmmer net wierklech wat ech no menger Première studéiere wëll an hu mech dofir fir e Gapyear entscheet.
Fir meng Zäit sënnvoll ze notzen hunn ech decidéiert e Volontariat op engem Kontinent ze maachen op deem ech nach ni war, fir éischtens en Challenge ze hunn, an zweetens e Land aus enger anerer Perspektiv wei déi vum Tourist kennenzeléieren.
Wat hunn ech bis elo erlieft?
Ech war fir mäi Gebuertsdag op Dakar, wou ech d‘ Statue de la Renaissance Africaine gesinn hunn.
Ech war bei enger Famill vu 60 Persounen zu Mëtteg iessen. Ech war op der Plage zu Mboro an d‘Mier.
Ech war op enger Soirée dansante.
Ech sinn an Taxien déi kengen europäeschen Normen entsprieche matgefuer.
Ech war mat op Visitte à Domicile bei den Eltere vun de Kanner aus dem Crepe, déi deels op de Gromperefelder stattfonnt hunn.
An ech hunn vill léif Kanner, Leit a Volontairë kennegeléiert.
Am Groussen a Ganzen hat ech e ganz flotten éischte Mount am Senegal.