Posten an der ONGD

D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt sicht

e Chargé

fir Entwécklungserzéiung (m/f) Nord – Süd zu Lëtzebuerg

25 Stonnen / Woch – CDI vum 01.02.2021 un.

D’ONGD schafft am Beräich vun der internationaler Kooperatioun a méi speziell am Beräich vun enger besserer, schoulescher a berufflecher Ausbildung a Bolivien, dem Niger an dem Senegal.
Zu Lëtzebuerg, ass d’ONGD an der Entwécklungserzéiung engagéiert duerch déi si de Kanner a Jonken d‘Erausfuederungen, d‘Erfahrungen an d’Erliewe vun internationaler Solidaritéit vermëttelt an dat am Kontext vun der Aarbecht vun der ONGD mat hire Partner am Niger, am Senegal an a Bolivien.
D’ONGD gëtt an dëser Aarbecht vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) ënnerstëtzt a begleet. Si sinn e wichtege Partner bei der Virbereedung an Ausféierung vun edukativen Aktivitéiten zu verschiddenen Themen.
Erzéieresch Aktivitéiten zu den Theme vun der Entwécklungserzéiung sinn och fir Schüler a verschidden Partner Schoulen zu Lëtzebuerg ze plangen an duerchzeféieren.

Zu den Aufgabe vum Chargé gehéieren:

• D’Ausschaffen an d‘Ubidde vu Scoutsaktivitéiten zu entwécklungspézifeschen Themen mat lokale Scoutsgruppen an op nationalem Niveau
• D’Ausschaffen a d‘Leede vu Formatioune vun de Scoutcheffen
• D’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun Aktivitéiten a Primärschoulen a Lycéeën
• Kontakt mam MAEE – Ausseministère
• D’Präsens a Virstelle vun den Aktivitéiten op méi groussen Eventer (Jugend Foiren, Scoutschefdag, asw.)
• Administrativ Bürosaarbecht

Profil:

• Bachelor am edukativen oder soziale Beräich a Beruffserfarung si vu Virdeel
• Scoutsmethod kennen an aktiv an de Scouten gewiescht ze sinn, ass wichteg
• Interessie un der Entwécklungshëllef a Kentnisser an deem Beräich si vu Virdeel
• Autonom schaffe kënnen
• Sech zoutrauen esou wuel mat Kanner ewéi Jonken oder Erwuessenen ze schaffen
• Flexibel schaffe kënnen (Weekender an Owes)
• Permis B an en eegenen Auto
• Lëtzebuergesch  schwätze kënnen ass wichteg
• Franséisch Schwätzen an Schreiwen ass si wichteg
• Computerkenntnisser (Word, Excel, Outlook, Adobe, Power Point, asw.)

Interesséiert Kandidature bis den 08.11.2020 eraschécken un :

ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt, Monsieur Roy GROTZ

5, rue Munchen-Tesch L- 2173 Luxembourg

oder un:

contact@ongd-lgs.lu