Journée de solidarité: Ecole privée Fieldgen

Den 23.03. 2021 huet di traditionelle Journée de réflexion um Fieldgen stattfonnt. Et waren iwwer 20 ONG-en an Organisatiounen am Beräich vun der Entwécklung, Solidaritéit, Partnerschafte present fir den Jonken Ideen ze gi wéi ee d’Welt méi solidaresch an human, ecologesch ka machen. Mir waren dobäi, an haten enger 7e d’ONGD virgestallt, iwwer Kannerrechter interessant Diskussioune geféiert, an duerno unhand vun eisem Gänsespill dobaussen hinnen di 17 Zieler fir eng Nohalteg Entwécklung méi no bruecht.