Journée d’ateliers de solidarité am Fieldgen

Den 22.03. 2022 huet di traditionelle “Journée d’ateliers de solidarité” am Lycée privée Fieldgen stattfonnt. Et waren iwwer 20 ONG-en an Organisatiounen am Beräich vun der Entwécklung, Solidaritéit, Partnerschafte present fir den Jonken Ideen ze gi wéi ee d’Welt méi solidaresch, human, ekologesch ka gestalten. Mir waren dobäi, an haten enger 7e d’ONGD virgestallt, iwwer Kannerrechter interessant Diskussioune gefouert, an duerno unhand vun eisem Positiounsspill wou di Jonk sech an d’Roll vun engem anere Kand hu misste setzen, d’Wichtegkeet vun de Kannerrechter erkläert.