Thinking Day 2023

De Verband invitéiert op den „Thinking Day“ 

Samschdes de 4. Mäerz, konnt d’ONGD mat um Start sinn um järleche Thinking Day, den dëst Joer fir d’éischt zu Lëtzebuerg stattfonnt  huet  zu Miersch am Park. 

Em déi 500 Guiden an Scouten vun jonk bis al, hunn e Samschden den Wee op Miersch fonnt, fir dësen Dag zesummen ze feieren. 

Den Thinking Day huet dëst Joer ënnert dem Thema „ Our World, Our Peacful Planet“ stattfonnt. Soumat goufen flott, aktiv an och méi roueg Spiller an Atelieren fir all Scoutsbranche ugebueden, bei deenen di Jonk dëst Thema verënnerleche konnten. 

Fir dass dësen Dag gutt starten konnt, gouf et vir d’Éischt mol eng gutt Foulardsmëtsch an ee gudden waarmen Schocki. Dono goung et och scho lass mam Programm, ier et bei d’Ateliere goung, war nach eng kleng Veillée. An der Veillée goung et em d’Miku, wat eleng am Bësch gelieft huet, bis de Bësch enges Daags aus dem Gläichgewiicht komm ass, well d’Miku ze vill gebrauch vun him gemaach huet. D’Zill vum Dag war et also duerch d’Ateliere ze probéiere rauszefannen, wei d’Miku den Bësch erëm an d’Gläichgewiicht bréngen kann, sou dass hat an de Bësch friddlech matenee Liewen kennen.

Mir als ONG hunn och een Atelier ugebueden fir d’Avex an d’Carapio. Bei engem aktiven Gänsespill mat Douse schéissen, engem XL Spillfeld an engem integréierte Quiz, hu mir probéiert deene Jonken déi 17 Zieler fir eng nohalteg Entwécklung méi no ze bréngen. Di Jonk hu Super gutt an Equippe matgemaach an konnte sech, trotz dem net alt ze waarme Wieder ameséieren. Duerch dësen Atelier konnte si zesummen an Equippen iwwert d’Thema nodenken, sech austauschen an hir d’Wëssen ënner Beweis stellen. Een grousse Merci un all déi dobäi waren!