Preparatiounswoch Odyssee

No engem erfollegräiche Preparatiounsweekend mat den 20 Participanten konnten dräi Staffmemberen vum Projet „Xaritoo Senegal“, dank der Ënnerstëtzung vu Luxair, eis Iddien mat an de Senegal huelen.

Dënschdes, den 24. Mäerz 2026, si si op Mboro gereest, fir d’Plazen, wou de Camp am August wäert stattfannen, mat eegenen Aen ze entdecken. Dobäi hu si d’Schülerinnen a Schüler souwéi d’Léierpersonal vum CREPE (Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotion des Enfants) kennengeléiert – ënner anerem duerch gemeinsam Beweegungsspiller a kreativ Bastelaktivitéiten.

Och den CIFOP, d’Plaz vum zukünftege Camp, gouf besicht. Fir d’Sécherheet vun alle Participanten ze garantéieren, hunn d’Staffmemberen zousätzlech zwou lokal Kliniken opgesicht. Hei goufen déi Responsabel iwwert de Camp mat ronn 60 Leit informéiert, an d’Infrastrukturen sur place analyséiert, fir optimal op all Situatioun virbereet ze sinn.

D’Rees gouf och genotzt, fir sech zesummen un een Dësch ze setzen an de Projet konkret auszeschaffen. Wichteg Themen ewéi Sécherheet, Transport an Infrastruktur konnten esou zesumme mat eise Partner definéiert an déi nächst Schrëtt festgehale ginn.

No e puer intensiven Aarbechtsdeeg hat d’Equipe och d’Méiglechkeet, dräi Deeg laang de Senegal ausserhalb vu Mboro ze entdecken. Destinatiounen ewéi Île de Gorée, Sine Saloum an d’Petite Côte hunn en déif Androck hannerlooss a gewisen, wéi villfälteg a faszinéierend de Senegal ass – e Land, dat och Deel vun der Reesoffer vu Luxair ass.

Den 31. Mäerz 2026 ass d’Equipe schliisslech sécher mat Luxair zréck op Lëtzebuerg gereest.

Fir zwee vun eise Staffmemberen war et déi éischte Kéier am Senegal. Dank dëser Méiglechkeet konnten si d’Gastfrëndlechkeet „Teranga“ hautno erliewen – eng Erfahrung, déi si nach laang begleede wäert. Begeeschtert vun enger intensiver Woch voller kulturellem Austausch an impressionnante Landschaften, si si sech eens: De Senegal ass eng Rees wäert.

E ganz grousse Merci geet un Luxair, déi dës Preparatiounsrees méiglech gemaach huet an eis eng agreabel an zouverlässeg Rees mat hirer Crew u Bord erméiglecht huet.

Wëllt dir eise Projet, esou wéi Luxair, ënnerstëtzen, da fannt dir weider Informatiounen an eiser Brochure – mir freeën eis iwwer all finanziell Bäihëllef.