LGS Camp-Chantieren

Learning by doing

All 3 bis 4 Joer engagéieren sech eng 100 lëtzebuerger RaRo ganz konkret an der Preparatioun an an der Realisatioun vu eise Projeten, zesumme mat der Lokalpopulatioun an engem vun eisen Partnerlänner. Hei kënnt d’Method „Learning by doing“ net ze kuerz: Duerch den Austausch léieren déi Jonk vu Lëtzebuerg an aus dem Partnerland sech selwer an d’Zesummenhäng tëschent Nord a Süd besser kennen.

Déi Bedeelegte maachen Erfarungen déi hinnen hëllefen hir Plaz ze fannen a sengem ekonomeschen a soziale Kontext, op sengem Kontinent, op der Welt … kuerz: d’Camp-Chantieren fërdere Solidaritéit, Responsabilitéit a Respekt vun de Jugendlechen aus dem Norden a Süden a bleiwen och weiderhin e feste Bestanddeel vun eisem Engagement an der ONGD.

Vun 1988 bis haut

Eng 1.000 Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn, an Zesummenaarbecht mat grad sou ville Jonken aus de Partnerlänner an deene leschten 35 Joer d’Chance geholl, fir aktiv bei engem Entwécklungsprojet derbäi ze sinn, zum Beispill beim Bau vu Beruffsschoulen, Spillplazen, Gesondheetsstatiounen, Formatiounszenteren a Projete mat de Schwéierpunkten Austausch, Gesondheetsinformatioun a Reboisement.

Hei eng Auswiel vu fréiere Camp-Chantieren:

  • Grouss Camp-Chantieren am Senegal Enn den 80er an ufanks den 90er Joren
  • E grousse Revival vun de Senegalprojetë am Summer 2008
  • „Kultour“ 1996 am Senegal an am Chile
  • Odysseeprojeten 1999, 2003, 2006, 2010 an 2013 a Bolivien, op Haiti, an Indien, am Maroc, am Senegal, am Niger, am Vietnam an a Bosnien

Sidd derbäi!

Dir wëllt och op engem vun eise Camp-Chantieren matmaachen? Schreift eis fir méi Infoen einfach eng kuerz Noriicht.