Dir hutt Loscht iech bei eis ze engagéieren? Mir sinn ëmmer op der Sich no begeeschterte Fräiwëllegen, déi sech bei eise Projeten a Aktivitéiten engagéiere wëllen. Mir freeën eis iwwer jiddereen, deen eis Aarbecht e bëssen Zäit widme well a eis zum Beispill bei folgenden Aufgaben ënnerstëtzt:
- Schreiwen an Iwwersetze vun Artikele fir eis Websäit a Social-Media-Präsenz
- Ënnerstëtzung bei Evenementer a pedagogesche Workshoppen
- Ënnerstëtzung bei Spendenaktiounen
Kléngt interessant? Schreift eis do einfach eng kuerz Noriicht a mir kucken zesummen, wéi dir iech bei eis engagéiere kënns.
Partnerschaft mam SNJ
Sidd dir tëschent 18 an 30 Joer al? Da hutt dir du d’Méiglechkeet iech am Fräiwëllegendéngscht vum Service National de la Jeunesse (SNJ) fir e Projet engagéieren, zum Beispill bei eis an der ONGD. Dir kënnt eis mat engem SVN bei eiser Aarbecht zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen oder mat engem SVC an engem vun eise Partnerlänner um Terrain schaffen.
Service Volontaire National (SVN)
Am SVN engagéiert dir iech fir e konkrete Projet hei ze Lëtzebuerg. Bei eis an der ONGD kënnt dir zum Beispill am Beräich vun der Ëffentlechkeetsaarbecht oder bei Evenementer a Workshoppen ënnerstëtzen.
Service Volontaire de Coopération (SVC)
Den SVC bidd d’Méiglechkeet, sech an Zesummenaarbecht mat enger Lëtzebuerger ONG fir e Projet an engem Partnerland ze engagéieren. Mir sinn eng unerkannte „organisation d‘envoi“ a kënnen all Joer 2 Volontairë bei e vun eis Partnerorganisatioune schécken.