Technesch Schoul Sayarinapaj zu Cochabamba 2018-2021

Fondacion Cristo Vive Bolivia

Ziler

Déi édukativ, sozial an ékonomesch Situation vun Kanner an Jonken aus méi aarmen Verhältnisser verbesseren,  an deem mir dozou baidroën eng méi gerecht Gesellschaft ze schaafen.

Qualitéit vun der Ausbildung, och der praktescher Ausbildung, am Institut Technique Sayarinapaj  verbesseren.

Psycho-sozial an édukativ Begleeddung vun deenen Jonken ënnerstëtzen.

D’Méiglechkeeten fir eng Aarbecht an dem Entrepreneuriat verstärken

Der Glaichberechtegung méi Opmierksamkeet schenken.

Kontext

Wann Bolivien och e gudde Schüler an der allgemenger, primärer Edukatioun ass, sou bleiwt nach vill ze maachen an der Berufsausbildung, virun allem um Niveau vun den Konzepter an der Ëmsëtzung heivun.  Ze bedaueren sinn notamment déi laangwiereg administrativ Prozesser, déi ënnerschiddlech pädagogesch Qualitéit vun de Schoulen, den Mangel un Relatiounen tëschend dem Schoulsystem an den Patrons an der Aarbechtswelt, sou wéi d’Feelen vun Upassungen an den eenzelnen Beruffsfiliären.

D’Ënnerstëtzung vun deenen Jonken an schwieregen Situatiounen, wéi zum Beispill

– déi , déi schonn eng Aarbecht oder eng Famill hunn,

– déi , déi an finanziell défavorabelen Situatiounen sinn,

– déi, déi aus zerappten Famillen kommen,

– déi, déi traumatesch Erliefnësser haten (kierperlech oder sexuell Gewalt),

feelt och ganz vill.

Et ass an dësem Kontext wou den Institut Technique Sayarinapaj sech positionnéiert a versicht eng gutt Qualitéit an der Ausbildung ze ginn, déi Jonk an Schwieregkeeten ze ënnerstëtzen an d’Relatiounen mat den Entreprisen aus der Géigend vun Cochabamba ze verbesseren.

 

Dauer vun dësem Projet

4 Joër  (2018-2021)

Budget vum Projet : 256.917  –

  • 2018 : 73.629,00 €
  • 2019 : 69.847,00 €
  • 2020 : 58.995,00 €
  • 2021 : 54.446,00 €

Bénéficiairen

  • Ongefeier 500 Studenten am Institut pro Joër : Jonker an Erwuessener aus méi aarmen Verhältnisser, aus den Gemengen vun der Géigend Cochbamba sou wéi och aus aaneren Gemengen an Gemeinschaften an Boliven.

Indirect  Bénéficiairen

  • Famillen vun den Studenten aus dem Institut, well se en bessert Akommes hunn
  • D’Entreprisen déi eng besser Aarbecht ubidden kënnen duerch eng gutt qualifizéiert Main-d’œuvre.
  • D’Institutiounen déi besser Leeschtungen ubidden duerch gutt preparéiert en ausgebildten Leit.

Activitéiten

An deenen véier Joër (2018-2021), wärt den Projet :

  • Verstärken vum Suivi an der Begleedung vun deenen Jonken an den Beruffsfiliären an an der Beruffsausbildung fir hinnen den Wee an Beruffswelt an Bolivien ze erméiglechen
  • Verbesseren vun der pädagogescher Offer duerch en besseren Suivi vun den Studenten : Besuch doheem,  Améliorer l’offre pédagogique à travers l’amélioration du système de suivi des étudiants : visites à domicile, pädaogesch Hëllefsmoossnamen (zum Beispill, individuell Couren)
  • Organiséieren vun Formatiounen fir d’Léierpersonal
  • Organiséieren vun enger Evaluatioun iwwert Qualitéit vun der Formatioun, dëst fir nach besser Zukunft vum Institut ze plangen.
  • Begleedung vun den Studenten duerch eng multidiscplinaire Ekipp: Psychologen, Assistantes sociales, Gestioun vun den  Studentenborsen an Hëllef fir d’Mammen duerch eng Crèche
  • Akaafen vun neiem Equipement an Material fir déi verschidden Beruffsfiliären vum Institut .