LGS Camp-Chantier

Bei ville Projeten ass op d’mannst eng Etapp virzegesinn, an deeër jonk Erwuessener an déi eenzel Phase vum Projet mat abezu ginn. Esou engagéiere sech all 3-4 Joer eng 100 lëtzebuerger RaRo ganz konkret an der Preparatioun an an der Realisatioun vu Projeten, zesumme mat der Lokalpopulatioun. Hei kënnt d’Method „Learning by doing“ net ze kuerz: Duerch den Austausch léieren déi Jonk op deenen zwou „Säiten“ sech selwer an d’Zesummenhäng an d’Problematik am Beräich „Nord-Sud“ besser kennen. Donieft léiert all Bedeelegten nei Methoden an Technike kennen, déi him hëllefe seng Plaz ze fannen a sengem ekonomeschen a soziale Kontext, op sengem Kontinent, op der Welt… kuerz: d’Camp-chantierë fërdere Bridderlechkeet, Solidaritéit, Responsabilitéit a Respekt vun de Jugendlechen aus dem Norden an aus dem Süden a bleiwen och weiderhin e feste Bestanddeel vun eisem Engagement an der ONGD.

  • Eng 700 lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn, an Zesummenaarbecht mat grad sou ville Jonken aus deene jeeweilege Partnerlänner, an deene leschten 20 Joer d’Chance mam Schlawittche geholl, fir aktiv bei engem Entwécklungsprojet derbäi ze sinn.
  • Entstane sinn ë.a. zwou Beruffsschoulen, Spillplazen, Gesondheetsstatiounen, e Formatiounszentrum a Projetë mat de Schwéierpunkten Aidsopklärung, Austausch a Reboisement
  • Grouss Camp-Chantieren am Senegal Enn den 80er an ufanks den 90er Joren
  • E grousse Revival vun de Senegalprojetë war am Summer 2008 am Senegal, wou eng 100 Lëtzebuerger, souwuel jonk RaRo, wéi awer och „al Huesen“, zesumme mat grad sou villen „Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal“ derbäi waren.
  • „Kultour“ 1996 am Senegal an am Chile
  • Odysseeprojeten 1999, 2003, 2006 an 2010 a Bolivien, op Haiti, an Indien, am Maroc, am Senegal, am Niger, am Vietnam an a Bosnien …