Projet d’atelier école 2015-2017

apprentissage traditionnel rénové dans les ateliers d’artisans à Thiès

Den Handwierkssecteur huet an der Regioun vun Thiès eng grouss Wichtegkeet. Ma obwuel de senegalesesche Staat probéiert d’Organisatioun vun der Handwierksausbildung ze formaliséieren, organiséieren d’Leit hir Ausbildung oft alléng.

D’Konsequenze sinn, dass et kéng Richtlinnen a Kontrolle vun der Ausbildung gëtt. D’Qualitéit hänkt komplett vum pädagogeschen Talent a vum gudde Wëlle vum Patron of, dee selwer och kéng Formatioun zum Ausbilder matgemeet huet. Nom Ofschloss vun der réng praktescher Formatioun, kréien déi Jonk och keen Diplom, deen déi erléiert Kompetenzen zertifiéiert.

Ma d’Wichtegkeet vu Diplomer ass am Senegal net manner wéi hei, an dofir ass dësen informelle System net efficace.

Lokal Partner

Action Jeunesse et Environnement (AJE)

Zieler

AJE ënnerstëtzt Léiermeedercher a –jongen, souwéi hir Patronen, an der Ausbildung zum Schräiner, Schlesser, Coiffer, Néiesch, Mechaniker, Friichten- a Geméisveraarbechter, andeems si Formatiounen a folgende Beräicher ubidden: Léiermethoden, Opstelle vu Léierpläng, Zesummesetze vun technesche Modullen, Liesen, Schreiwen, Rechnen, de Gebrauch vu neien Technologien. AJE bitt donieft en edukative Suivi un an no gepackter Ausbildung kréien d’Schüler en unerkannten Diplom.

Aktivitéiten

Tëscht 2015-2017 gi folgend Aktivitéiten ëmgesat:

  • Organiséiere vun der Ausbildung  fir verschidden technesch Beruffer (Schräiner, Schlesser, Coiffer, Néiesch, Mechaniker, Friichten- a Geméisveraarbechter)
  • Formatioune fir d’Léiermeedercher an d’Léierjongen am Beräich Liesen, Schreiwen a Rechnen
  • Formatioune fir d‘Patronen
  • Sensibiliséierung vun de Patrone fir d’Wichtegkeet vun enger beschtméiglechster Ausbildung an Erstelle vu Kontrakter mat hinnen
  • Verstäerke vun der Ekipp a Verbessere vun der Zesummenaarbecht an der Maison des Métiers zu Thiès

Dauer: 3 Joer (2015-2016-2017)

Gesamtbudget: 154 057 €

Budgeten op d’Joer gekuckt:

  • 2015: 54 057 €
  • 2016: 50 000 €
  • 2017: 50 000 €

Beneficiairen: 300 Léiermeedercher a -jongen aus der Géigend vun Thiès an hir Patronen.