promotion des activités génératrices de revenus à Mboro et Dakar
D’Aarbechtslosegkeet bleift am Senegal e grousse Problem. Grad Jonker, Fraen a Mënsche mat Handicap hunn et schwéier um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen.
Ma u Kreativitéit feelt et net: vill Leit hunn gutt Iddien a wëllen hir eege Mini-Entreprisë schafen. Leider feelt et dann oft un Ënnerstëtzung an um néidege Startkapital fir d’Iddi a d’Realitéit ëmzesetzen. MEC/FONEES bitt der Bevëlkerung aus deene ländlechen Deeler vu Mboro an den einfache Quartiere vun Dakar a Yeumebeul, dës Hëllefen un.
MEC/FONEES begleet esou och Jonker, déi duerch d’Aktivitéite vu JED an de Projete JAPPOO a CIFOP forméiert goufen.
Lokal Partner
D’Mutuelle d’épargne et de crédit du fonds national des éclaireuses et éclaireurs du Sénégal (MEC/ FONEES)
Zieler
D’Ziel vum MEC/FONEES ass et Leit, duerch Formatioun a finanziell Hëllefen, beim Schafe vun hirer Mini-Entreprise ze ënnerstëtzen.
Aktivitéiten
Tëscht 2015-2017 gi folgend Aktivitéiten ëmgesat:
- 15 Formatioune zum Thema “Kreatioun a Gestioun vun enger Entreprise“ un deene bis zu 510 Jonker deelhuele kënnen
- e Fong fir Mikrokreditter zu Mboro. Dës Kreditter kënnen och u Gruppe vergi ginn, z.B. Gruppe vu Fraen, déi sech ënnert eneen organiséieren a selwer decidéieren, wéi si mat de Sue schaffen. Et entstinn Aktivitéiten a de Beräicher Commerce, Agrikultur, Coiffure, Bitzen…
- e Suivi fir d’Beneficiairen : all Mount gëtt eng Versammlung fir déi Leit organiséiert, déi e Kredit kruten; souwéi regelméisseg Suivi-Versammlunge fir déi Leit déi un de Formatiounen deelgeholl hunn
- Verstäerke vun der Ekipp vun der MEC/FONEES duerch Formatiounen an Ënnerstëtzung
Dauer: 3 Joer (2015-2016-2017)
Gesamtbudget: 90 882 €
Budgeten op d’Joer gekuckt:
- 2015: 29 734 €
- 2016: 29 734 €
- 2017: 31 414 €
Beneficiairen: 510 Jonker zu Mboro an Dakar