AJE 2018-2020

Beschäftegung an Selbststännegkeet vun jonken forméierten an diploméierten  Handwierker duerch eng gutt sozioökonomesch Integratioun förderen.

Objektiv

150 jonk forméiert an diploméiert Handwierker an den Schoulatelierën vun Thiès, bei der Schaafung vun 15 Betrieber begleeden fir esou hir sozioökonomesch Integratioun ze garantéieren.

Kontext

Den Sekteur vum informellen Handwierk ass nach ganz grouss am Senegal.

Zu Thiès goufen méi ewéi 2.000 Atelieren an der Ausbildung zum Coiffeur, Néiesch, Schrainer, dem Schlässer, Mécanicien an dem Friichten- an Geméisveraarbechter  gezielt.

Vill nët ausgebildt Jonker léieren an deenen Atelieren en Beruff, mee Struktur vun hirer Ausbildung bleiwt nët richteg organiséiert an kontrolléiert an troz hiren Kompetenzen hunn si zum Schluss vun hirer Ausbildung nët automatesch Zougang zu engem Diplom oder zu enger fester Arbechtsplaz .

Während den zwee viregten Projets (2012-2014 an 2015-2017) huet d’ Ënnerstëtzung vun der ONGD fir d’Aktioun Jugend Ëmwelt sech haaptsächlech op Verbesserung vun den Léierbedengungen vun deenen Jonken an den dësen Handwierksatelieren vun Thiès konzentréiert. Déi Jonk sinn méi an hirer Ausbildung begleet ginn an all déi, déi am Kader vun den Projets dobai waren, kruten en eegenen Diplom an hirem Fachwëssen.

Den Projet wellt op dat virecht Wëssen opbauen an nach méi weit goën.  En huet als Zil fir 150 Jonker am Entrepreneuriat aus ze bilden an si beim Schaafen vun hirer eegener klenger Entreprise ze begleeden, am eenzelnen oder an enger Cooperative.

Déi Jonk ginn och an der Sich vun an mat engem Microkredit fir hiren Projet ënnerstëtzt.

All dës Aktivitéiten sollen hëllefen dass déi Jonk an engem Land wou den Chômage an nët formell Aarbecht grouss sinn, Aarbecht ze kréien , besonnesch well et nët liicht ass am aktiven Liewen seng Plaaz ze fannen.

Dauer – 3 Joer : 2018-2019-2020

Budget vum Projet : 153.750 € 

  • 2018 : 51 250 €
  • 2019 : 51 250 €
  • 2020 : 51 250 €

Bénéficiären  : 150 jonk Léierbouwen/-meedercher vun Thiès 

Aktivitéiten :

Op déi nächst drai Joer (2018-2021), wärt den Projet  :

  • 150 jonk Handwierker an der Gestioun an am Entrepreneuriat ausbilden
  • 150 jonk Handwierker an der « alphabétisation numérique » ausbilden an de Beräicher Liesen, Schreiwen an Rechnen
  • Déi kontinuierlech Weiderbildung vun den jonken Handwierker duerch d’Projetsekipp garantéieren
  • Déi jonk Handwierker an der Schaafung vun hirer eegener Entreprise ënnerstëtzen, an deem selwechten Grupp  “d’Interêt économique”oder an enger Cooperative.
  • Déi jonk Handwierker an der Zesummenstellung vun hiren Dossierën fir en Mikrokredit ënnerstëtzen an si bei Mikrokredit Instituter begleeden .