Jeunesse et Développement 2018-2021

D’Erzéiung, Formatioun an sozio-économesch Aglidderung vun den Kanner an den Jonken ënnerstëtzen  am Aklang mat der nationaler senegalesescher Politik

Zënter 30 Joër schonn, schafft onsen Partner, Jeunesse et Développement, fir d’Ausbildung an den gemengen Mboro, Taiba Ndiaye an Darou Khoudoss ze verbesseren. Mat den Joren huet den Kontext changéiert.

Et muss een erfirhiewen dass den Senegal, d’Objektiver vum Développement du millenaire am Joër 2000 esou wéi Objektiver vum Développpement durable am Joër 2015, ugeholl huet an sech engagéiert fir d’Erzéiung fir all senegalesescht Kand zougänglech ze maan. Schoupflicht leit elo bei zeng Joër.

Et sinn kloer Fortschrëtter notéiert gin, ënnert aanerem wat den  Taux brut vun der Aschoulung op nationalem Niveau ugeet ; deen leit am Ament bei 86% am Primär. Troz all deem, bleiwen am Primärschoulzyklus weider Efforten ze maan, well den Ofschloss vun deem Zyklus just bei 60% leit. Dës Zuelen sinn déi op nationalen Plang, déi an den ländlechen Géigenden zéien méi lues no.

Ausserdeem mussen d’Efforten ronderëm all Schoulinstitutiounen permanent oprecht erhaalen ginn, well et gouf festgestallt dass esou baal d’Opmierksamkeet hei e wéineg noléist, Fortschrëtter vun engem op daat aanert Joër zerëckginn. Dat bedeit dass Gemeinschaften mat an Projëten mussen implizéiert gin an dass si d’Erzéiung fir se all verstoën mussen an besonnesch fir déi méi schwaach vun den Kanner.  Jeunesse et Développement schafft seit drai Joërzengten an dës Richtung : si mobiliséieren Gemeinschaften, si bannen se mat an d’Erzéiung vun hiren Kanner an an si ënnerstëtzen déi lokal Schoulautoritéiten fir d’Qualitéit vun der Offer ze verbesseren.

JED huet konkret zu Mboro zwou privat Schoulstrukturen opgeriicht : den Centre de ressources éducationnelles et de promotion des enfants (CREPE) fir dn Zyklus vun der Primärschoul .Deen hëllt déi behënnert Kanner an all déi Kanner déi nët an déi öffentlech Schoul kënnne goën, op. An der Moyenne, empfängt den Centre all Joër ëm déi 180 Kanner tëschend 5 an 15 Joër . Den CIFOP (Centre International de Formation Pratique) ass eng professionnel Schoul fir déi Jonk ab 15 Joër mat verschiddenen Filiären wéi Bitzen, Coiffeur, Mécanique, Metallschräiner an Landwirtschaft.

Et gët och vill Aktivitéiten an den nët formellen Schoulen wou Kanner vun Bénévolen vun der Associatioun begleed ginn mat Hausaufgabenhëllef an ausserschouleschen Aktivitéiten.

Kanner aus den Koranschoulen fannen och Ënnerstëtzung an den Aktivitéiten vum JED : si ginn och  elo suivéiert an der Alphabétisatioun op Franséisch an Nohëllef an der Mathematik. Ausserdeem ginn Schoulmeeschter aus den Koranschoulen ënnerstëtzt an begleed  fir hir Léiermethoden mat den Kanner ze änneren fir eng besser Qualitéit vun der Ausbildung ze kréien an en méi groussen Respekt vun den Kannerechter ze ereechen.

Dann huet  JED en communuatairen Radio an der Gemeng an d’Liewen geruff, deen als Relais fir all Aktivitéiten a Sensibiliséierungscampagnen fir d’ Erzéiung benotzt gëtt, awer och fir  aner wichteg Themen am Développement . Den Radio gëtt  vill suivéiert vun der Gemeinschaft an den Leit aus der Géigend.

Ons nächst Ënnerstëtzung fir véier Joër – 2018-2021 huet als Zil d’Acquien ze festegen an nach méi wait an der Hëllef fir eng besser Ausbildung fir all d’Kanner aus den GemengenMboro, Taiba Ndiaye an Darou Khoudoss ze goën.

Lokal Partner

Jeunesse Et Développement (JED), ONG des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.

Ziler

Den Projet huet als Zil d’Schoulausbildung vun den Kanner aus den Gemengen Mboro, Taiba Ndiaye an  Darou Khoudoss ze ënnerstëtzen. Eischtens empfängt den Centre Kanner an  doriwer eraus wëllt den Projet ganz Gemeinschaft fir d’Bedéitung  vun der Educatioun als eent vun den Grondrechter  vum Kand sensibiliséieren.

Aktivitéiten

An deenen véier Joër (2018-2021) wärt de Projet :

  • D’Aschreiwen an Bleiwen vun den Kanner an der formeller Bildung ënnerstëtzen
  • D’Schoulkanner ënnerstëtzen fir hir Schouleeschtung ze verbesseren
  • 150 lokal Moniteuren an den schoulbegleedenden Techniken forméieren fir den méi schwachen Kanner ze hëllefen
  • Den Centre CREPE fir 200 Kanner pro Joër ënnerstëtzen
  • Schoulformatioun vun den behënnrten Kanner ënenrstëtzen
  • D’Ausserschoulesch Aktivitéiten an virun allem den Vakanzcamp CREVAQ, deen déi drai läscht Joren vill Succès haat  (fir 3.000 Knaaer pro Joër) ënnerstëtzen
  • D’Kanner an déi Jonk un der lokaler Ëntwëcklung deelhuelen lossen an dëst duerch d’Schaafen vun « Kannergemengenréit « fir dass si all hiren Standpunkt do kënnen verteidegen
  • 250 Kanner aus den Koranschoulen forméieren/ausbilden
  • Professionnel Ausbildung fir 100 Jonker am Joër ënnerstëtzen
  • Modulen an d’Ausbildungsmaterial vum CIFOP ernéieren
  • Zum Fonctionnenement vum communautairen Radio Niayes FM beidroën
  • Bewosstsin n vun den Kannerechter duerch Informatiounskompagnen an Hausbesich verstärken
  • Sensibilséierungskompagnen fir den Schutz vun den Kannerrechter féieren an sech méi speziell géint d’Kannerarbecht, d’Heeschen an all aaner Form vun Ausbeutung an Mëssbrauch vun den Kanner asetzen
  • D’Erfahrungen vun der Equipe JED sammelen an verstärken

Dauer

4 Joër : 2018-2021

Budget total :  942.062 €

  • 2018 : 265.327 €
  • 2019 : 219.365 €
  • 2020 : 242.185 €
  • 2021 :  215.185 €

Bénéficiairen

8.000 Kanner an Jonker vun Mboro, Taiba Ndiaye an Darou Khoudoss, sou wéi hir Famillen, wärten vun der Ënnerstëzung vum Projet duerch den Zougang zur formaler an non-formaler Ausbildung an zur Berufsausbildung profitéieren.