Roy Grotz an al am Senegal

Eng Delegatioun vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt war op Missioun am Senegal. Et waren dat de Präsident Roy Grotz, Mme Christine Nehrenhausen, de M. Sven Clement, Memberen aus dem Conseil d’Administration an d’Mme Elisabeth Voyeux, d’Coordinatrice.

 

Si hunn d’Partner dohannen,  d’Action Jeunesse Environnement, Jeunesse et Développement an d’Mutuelle d’Epargne esou wéi de Crédit FONEES begéint, hu mat de Beneficiairen diskutéiert, gesi wat erreecht gouf an den 10ten Anniversaire vum  Centre de Ressources Educationnelles et de Protection des Enfants, CREPE, zu Mboro geféiert.

D’Partner ze begéine sinn ëmmer wichteg Momenter an der Zesummenaarbecht well si erlaben d’Kontakter nees ze erneieren, auszetauschen iwwert d’Aktivitéiten, d’Acquis unzeerkennen, d’Problemer nei ze kadréieren an déi respektiv Engagementer fir de lokale Bevëlkerungen ze hëllefen, ze erneieren.

 

Zesumme mat Action Jeunesse Environnement, zu Thiès, hunn si jonk Handwierker begéint, déi an de Beräicher Holz, Metall, Bitzen a Restauratioun schaffen. Des Handwierker sinn a Cooperativen organiséiert fir hir Chancen ewéi z.B. op d’Offer ze äntweren, ze maximiséieren an och hir Aarbechtskonditiounen ze vereinfachen andeems si z.B. zesumme Material akafen. AJE proposéiert dëse Jonke weider Formatioun Continue och mat enger informatescher Plattform pro Module a pro Filière.

D’Erausfuerderunge fir dës jonk Handwierker si grouss an engem Ëmfeld wat si net ëmmer richteg unerkennt  an esou Associatiounen ewéi AJE si wichteg fir si weider ze begleede fir hiert Potential e Maximum kënnen ze entwéckelen.

 

Zu Thiès huet Delegatioun och jonk a ganz dynamesch Handwierker gesinn déi zesumme mam Grupp vun de Klierfer LGS e Camp Chantier preparéiere fir do eng Schoul ze renovéieren.

 

Mat der Mutuelle d’Epargne et de Crédit FONEES zu Mboro, hunn si och zwee Fraegruppe gesinn déi sech an enger Associatioun zesummegedoen hunn fir Zougang zu Formatiounen a Kreditter ze kréien. Deen ee Grupp huet geléiert Eau de Javel ze maachen, deen aneren huet e klenge Commerce opgemaacht. D’Plus-Value vum Projet am Senegal, wou Tontines oder Prêt’s Gruppe ganz geleefeg sinn, sinn d’Ubidde vu Formatiounen (Alphabétisatioun, Productioun,Gestion an der  Microentreprise) an d’Begleede vun de Fraen dono.

D’Energie an d’Ausdauer vun dëse Fraen ass bewonnerenswäert an erméiglecht hinne weider ze goen an hir an hirer Famill hir Liewensëmstänn ze verbesseren a mir kënnen se  op deem Wee nëmme weider encouragéieren.

 

E ganz wichtege Moment vun der Missioun war den 10ten Anniversaire zu Mboro vum CREPE zesumme mat  Jeunesse et Développement, onse Partner säit méi ewéi 30 Joer,  e groussen Ament mat  Diskussiounen iwwert d’ Schoulausbildung am Senegal an d’Virdeeler vun engem Modell  CREPE an der Ënnerstëtzung vu JED fir d’Kanner an déi Jonk.  Et hunn duerch d’Zesummenaarbecht vu JED an der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt honnerte Kanner aus méi schwierege Familljen- a Liewenssituatiounen esou Zougang zur Schoulausbildung kritt.

Et ass awer elo net fir sech op de Lorbeeren auszeroue mee am Contraire sech weider ze motivéiere fir nach besser a méi wäit virun ze komme well d’Erausfuerderungen deenen déi lokal Communautéiten sech stelle musse sinn nach ëmmer immens grouss.

De Leadership misst och nach méi gestäerkt gi besonnesch a Froen zur Schoulausbildung an am Plaidoyer vis-à-vis vun de politeschen Autoritéite fir dass déi hir Engagementer huelen a respektéieren.

 

Dann huet Delegatioun och un der Kiermes vun de Kanner aus dem CREPE deelgeholl wou déi eenzel Klipp vum CREPE eng kleng Show presentéiert hunn: Theater a Sport waren op der Affiche !

 

Wéi ëmmer ass och dës Missioun e groussen a wichtegen Ament zesumme mat de Partner gewiescht, esou wéi och mat de Beneficiairen déi, mat hirer Ausdauer déi si ëmmer erëm beweisen am alldeegleche Kampf  fir e bessert Liewen, ons all encouragéieren ons Engagementer ze halen an ëmmer nees ze erneieren.