7 Méint Volontariat am Senegal

Volontariat am Senegal

Ech war 7 Méint mat der ONG ‘Guiden a Scouten fir eng Welt’, a Cooperatioun mam Service National de la Jeunesse, an den Senegal, an hunn do am Kader vun engem Volontariat geschafft a gelieft.

D’ONG schafft haaptsächlech mat der senegalesescher ONG ‘Jeunesse et Développement’ zesummen, an huet e puer Projeten zu Mboro, engem klengen Duerf nërdlech vun der Haaptstad Dakar.

Ech hun an enger Schoul geschafft, déi sech CREPE (Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotion des Enfants) nennt, a fir déi finanziell benodeelegt an handicapéiert Kanner geduecht ass, déi et sech net erlaben kënnen, an déi ëffentlech Schoul ze goen.

Et gi 4 Klassen an der Schoul, mat Kanner vun 3 bis 18 Joer. Ronn 150 Kanner kommen all Moien an de Crepe. Ech hu mech am meeschten ëm déi Klass mat den eelste Kanner bekëmmert. Do ware 54 Kanner vun 13 bis 18 Joer, an och e puer mat engem méi oder manner schwéieren Handicap.

Ech hunn den Moniteuren an der Klass gehollef andeems ech Aktivitéiten mat verschiddene Kanner gemaach hunn. Meng gréissten Aarbecht waren awer meng Konschtcoursen, déi ech mat enger anerer lëtzebuergescher Volontairin, dem Joan, ginn hunn. Mir hunn eis dohannen kennegeléiert an hunn eis vun Ufank u gutt verstan. Mir kruten dunn d’Propos gemaach, ‘arts plastiques’- Coursen ze ginn, well deen zoustännege Moniteur d’ganzt Joer net méi komme konnt.

Am Ufank war et schwiereg, well mir allen zwee absolut keng Erfahrung haten, sief et mat Kanner schaffen oder Schoul ze halen, an dozou ass de Problem mat der Sprooch komm. No an no si mer awer besser eens ginn, an hate vill Iddien, déi mer zesumme mat de Kanner maache wollten. Mir hu vill gemoolt a gebastelt, a konnten duerno d’Klasse mat den Aarbechten dekoréieren. Dës Aarbecht war flott, well mir Kontakt mat de Kanner aus de 4 Klassen haten, an net nëmmen an eiser Klass bliwwe sinn. Ausserdeem hate mir 3 verschidden Altersklassen, wat eis d’Fräiheet ginn huet vill verschidde Saache kënnen ze maachen.

Eis zwee hunn déi Coursë vill Spaass gemaach, well mer wierklech e klengen Projet haten an duerno konkret konnte virweisen, wat mer an de Klassen esou gemaach hunn.

Menger Meenung no haten déi meescht Kanner och vill Motivatioun, well se eppes Praktesches maache konnten an si hir eege Resultater konnten gesinn. Vill Kanner hunn eis zum Beispill ëmmer nom Cours gefrot, ob mir hir Biller kéinten op d’Mauer vun hirer Klass ophänken, an dat war fir eis natierlech e Kompliment. Ech hunn ëmmer probéiert do ze hëllefen, wou et grad néideg war an esou war ech zum Beispill ee Weekend och hëllefe komm de CREPE ze dekoréieren oder d’Bänken frësch unzesträichen.

Am Ufank hat ech schonn en klenge Kulturschock, well et eng ganz nei Kultur war an d’Leit ganz anescht liewen an eng aner Mentalitéit hunn. Mat der Zäit gewinnt ee sech awer un alles, an et léiert een d’Senegalesen an hir Art a Weis ze liewen och besser kennen. D’Nationalsprooch am Senegal ass Wolof. Am Ufank war et schwiereg, well ech absolut näischt verstan hunn, mee mat der Zäit hunn ech ugefaang e bësse Wolof ze léieren, sou dass ech mech no e puer Méint aleng duerchschloe konnt. Och d’Liewensconditioune si ganz anescht: schaarft Iessen, kaalt Waasser, Gaskocher an nach villes Aneres ass zu mengem Alldag ginn.

Mee déi 7 Méint hu mer bewisen, dass de Mënsch sech un alles gewinne kann an een am Minimalismus d’Saache méi schätzt. Ech hat eng Kummer an engem Haus dat ech mat zwou aner Frae gedeelt hunn, an ech hu mech wuel gefillt. Ech war frou mäi klenge Raum ze hunn, mat enger Matratz a menge Wallissen an ech hunn net méi gebraucht. Natierlech war et am Ufank haart sech un déi Ëmstänn ze gewinnen, mee ech hu schnell bemierkt, dass een net vill brauch fir ze liewen. Ech hu mech dofir ëmsou méi ëm aner Klengegkeeten gefreet, sou wéi zum Beispill Schockela deen ech vu Lëtzebuerg matgeholl hun. D’Iessen ass zimlech schaarf a fetteg, an dat war och eng grouss Ëmstellung fir mäi Bauch; no an no huet en sech dodru gewinnt an ech hat déi senegalesesch Platë richteg gär. Mäi Liiblingsplat ass Thiéboudien, wat Räis mat Fësch a Geméis ass. D’Leit iessen all zesummen an engem groussen Plat wat fir mech och eppes ganz Neies war, an no e puer Woche konnt ech mer net méi virstellen en eegenen Teller ze hu mat Forschett a Messer.

Wat mäi Volontariat wierklech vereinfacht huet war d’Oppenheet vun de Leit. De Senegal ass bekannt fir seng Gaaschtfrëndlechkeet an ass och stolz drop. Et ass absolut guer kee Problem bei anere Leit mat ze iessen – meeschtens bestinn si drop dass ee fir d’Iessen bleift, a si beleidegt wann ee keng Zäit huet. Och op de Stroossen soen sech d’Leit all Moien (Salam Maleikum) a schwätze mateneen. Si froen ëmmer wéi et engem geet (Nanga def ?) an ob een am Fridden ass (Yangui si Diam ?). Sou hunn ech och schnell déi Basiswierder- a Sätz op Wolof geléiert. Am Ufank war dat ongewinnt, well et zu Lëtzebuerg schonn zimlech individualistesch ass, mee mat de Wochen hunn ech dat souzesoen geléiert an et ass eng Gewunnecht ginn, frieme Leit Moien ze soen an puer Wierder mat hinnen ze tauschen. Wann een e bësse schei ass, sou wéi ech, ass dat ideal, well d’Oppenheet vun de Leit et engem vereinfacht eng Kultur kennenzeléieren an sech z’integréieren.

Hei zu Lëtzebuerg vermëssen ech dat Mateneen vun de Leit an et ass ongewinnt fir mech, einfach laanscht meng Noperen ze goen an kee Wuert ze soen. Dat Eenzegt wat e bëssen ustrengend ass, ass dass een als Wäissen op der Strooss oft geruff gëtt, an sou héiert een iwwerall ‘Toubab’, wat op Wolof déi ‘Wäiss’ bezeechent. Oft hunn ech och aner Wierder héieren déi dann eng Beleidegung fir eis waren. D’Leit froen een och heiansdo fir Suen, an ob ech scho bestuet wier, a mat der Zäit ass dat och ustrengend ginn. Fir de Rescht konnt ech mech zimlech fräi iwwerall beweegen an et war net wierklech geféierlech, soulaang een net owes op de Stroossen nach war an op d’Autoen opgepasst huet.

An deene 7 Méint sinn ech och vill am Senegal gereest. An der Woch hunn ech ëmmer vun 8h30 bis 16h am CREPE geschafft, a weekends war ech fräi. Entweder sinn ech dann zu Mboro bliwwen, oder ech sinn iergendswou higefuer. Ech si vill mam Joan oder mat menger senegalesescher Famill gereest. Dat huet mer erlaabt immens vill vun der senegalesescher Kultur ze gesinn, well ech aner Plazen entdecke konnt a vill nei Leit kennegeléiert hunn. Ech hat ni e gréissere Problem wann ech sou gereest sinn, an ech war souwisou meeschtens mat engem Senegales, dee mer e bësse gewisen huet, wéi dat alles géif lafen.

Et war immens interessant och aner Deeler am Senegal ze gesinn, an sou konnt ech e bëssen déi verschidde Stied an Dierfer vergläichen. An der Haaptstad Dakar ass ëmmer vill lass, an do fënnt een och vill méi wéi op anere Plazen. Et ass awer och ustrengend, well hire Verkéier net wierklech gereegelt ass an een ëmmer d’Aen opmaachen an oppasse muss, net iwwerrannt ze ginn.

Am Grousse Ganze sinn ech super zefridden mat mengem Volontariat, an ech si frou, déi senegalesesch Kultur sou gutt kennegeléiert ze hunn. Et war eng immens Erfahrung fir mech, an ech sinn houfreg am CREPE mäin Deel konnte bäizedroen.

Et war eng Éier an e Privileg fir mech, esou häerzlech a léif opgeholl ginn ze sinn, an an deem Sënn op meng Manéier ze hëllefen.

De Senegal ass menger Meenung no en immenst Land fir sou eng éischt Erfahrung ze maachen, vu dass d’Leit wierklech oppen an dankbar sinn an d’Integratioun net schwéier war. Natierlech goufen et och manner gutt Erfahrungen a Momenter wou et schwéier war, mee ech bereien et iwwerhaapt net, all déi Momenter erlieft ze hunn.

Ech hu wierklech vill bäigeléiert, a si begeeschtert vun de Projeten, déi déi Lëtzebuergesch a Senegalesesch Scoute konnten op d’Been stellen an hoffen, dass dës Zësummenaarbecht nach laang unhält !