Ce n’est qu’un aurevoir Chef-Scout

De Lëtzebuerger Scoutissem huet en
aussergewéinleche Chef verluer

Le véritable chemin du bonheur est de donner celui-ci aux autres. Essayez de quitter la terre en la laissant un peu meilleure que vous l’avez trouvée et quand l’heure de la mort approchera, vous pourrez mourir heureux en pensant que vous n’avez pas perdu votre temps et que vous avez fait «de votre mieux».
Lord Robert BADEN-POWELL

Eemol Scout, ëmmer Scout… dëst war vun Ufank un Devis vum Grand- Duc Jean.

A Präsenz vu 5000 Scouten, déi aus allen Ecke vum Land zesumme komm sinn, huet S.A.R. de Prënz Jean vu Lëtzebuerg den 28. Oktober 1945 am Stadion op der Arelerstrooss Säi Scoutsverspriechen ofgeluecht. A Senger Usprooch sot de Prënz : « …Ech hunn elo grad virun Iech an Är Hänn d’Scoutsverspriechen ofgeluecht. Ech faassen dat Verspriechen als eng ganz eescht Saach op, déi e Mënsch fir d’Liewe bënnt, viru sengem Härgott a viru sengem Gewëssen ! Am Scoutissem erkennen ech méi ewéi e Spill fir grouss, kleng a ganz kleng Bouwen ; ech gesinn an him eng wonnerbar Method, fir jonk Mënschen zu charaktervolle Männer an zu gudde Bierger z’erzéien… ». Hien huet sech vun dunn un als Chef-Scout vun der « LUXEMBOURG BOY SCOUTS ASSOCIATION / LBSA engagéiert. Deemools war de jonke Prënz nach Ierfgroussherzog; 1964 huet hien d’Charge als « Chef d’État » iwwerholl.

Schonn am Joer 1943, wéi d’Groussherzogin Charlotte mat Hirer Famill an Hirer Regéierung zu London am Exil war, hu verschidde Leit, déi dem Gouvernement nostoungen an aus dem Scoutsmilieu hierkomm sinn, de Prënz Jean – « Président d’Honneur du « Bureau Interfédéral du Scoutisme Luxembourgeois/B.I.L. » an « Haut Protecteur du Scoutisme Luxembourgeois » zënter 1939 – kontaktéiert, fir mat Him zesummen d’Nokrichszäit vun deenen 2 lëtzebuergesche Scoutsverbänn, der « Fédération Nationalen des Eclaireurs Luxembourgeois/F.N.E.L » an de « Luxemburger Scouts vom katholischen Jugendverband/L.S, » ze preparéieren. Am deemolege Sëtz vum Weltscoutismus, dem « Imperial Headquarters », net wäit ewech vum Buckingham Palace, an op Propositioun vun dem Weltbüro, huet de Prënz Jean sech séier vun der Iddi iwwerzeege gelooss, fir nom Krich zu Lëtzebuerg eng Daachorganisatioun vun deenen 2 Scouts-Verbänn ze grënnen, un der Spëtzt vun deer Hie selwer sollt stoen. Hie war sech vun Ufank un der delikater Missioun bewosst déi op Hie sollt zoukommen. Déi zwee Verbänn hate grouss Differenzen wéinst hiren Originen, d’FNEL koum aus dem laizistesche Milieu an d’L.S. haten den Appui vun der kathoulescher Kierch. Dat huet zu der Zäit zu heiansdo haarden Ausernanersetzunge geféiert.

Den Evenement vum 28. Oktober 1945 , deen esou wichteg war fir den Opschwong vum Lëtzebuerger Scoutissem an deenen nächste Joerzéngte konnt gläich no der Libératioun vum Land op de Wee gesat ginn, well en esou gutt zu London virbereet gi war. Et huet sech séier duerno gewisen, datt d’Grënnung vun der LBSA, mam Groussherzog als Chef-Scout, an déi richteg Direktioun gaangen ass. Duerch den Enthusiasmus vum Prënz Jean an duerch Seng Disponibilitéit fir déi Jonk vu Sengem Land, huet de Scoutismus hei zu Lëtzebuerg, ënnert der effizienter an éierevoller Leedung vum ugoende « Chef d’État », e bemierkenswäerten Opschwonk kritt.

An deene Joren duerno haten déi Responsabel an d’Membere vun der LBSA d’Éier an d’Freed de Chef-Scout bei ville Réuniounen, Manifestatiounen an aneren Aktivitéiten ze begréissen.

Esou war direkt vun Ufank un, an dat bis zum Joer 1970, all Joer am Januar – fir de Gebuertsdag vum Chef ze feieren – zu Esch/Uelzecht de « Relais du Prince », e Staffellaf vun den Escher Scouten duerch d’Uelzechtstrooss, verbonne mat anere Scouts-Aktivitéiten. S.A.R., de Prënz Jean war ganz dacks derbäi.

1966 gouf d’ « Troupe Interfédérale SIGEFROI » op Wonsch vum Chef-Scout gegrënnt. Dës Truppe huet funktionéiert fir datt dem Grand-Duc Jean säin eelste Jong, de Prënz Henri, den aktuelle Grand-Duc, de Scoutissem konnt an engem ugepasste Kader erliewen.

Am Joer 1990 huet S.A.R. d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte mat vill Freed den Titel als Chef-Guide vu Lëtzebuerg ugeholl. Si war mat Läif a Séil derbäi. Och ëm déi Zäit huet de Chef-Scout d’Integratioun vu Sengen Enkelen an eng Wëllefchersmeute encouragéiert.

Vun deenen onzielege Präsenze vum Chef-Scout bei de Scoute kann een déi hei elo opzielen :

  • eng grouss Zuel vu Réunioune vum « Conseil National » vun der LBSA, déi Hie mat Wäitsiicht presidéiert huet, an déi sëllechen Audienzen am Palais bei Geleeënheet vun der Aféierung vun engem neien « commissaire général » an engem vun den 2 Verbänn;
  • d’Anniversaire vun den 2 Verbänn an och d’Aweiunge vun hiren Nationalen Zentren, ewéi de Misärshaff vun der FNEL oder Neihaischen an d’Géisserei fir d’LËTZEBUERGER SCOUTEN ;
  • National Organisatiounen, ewéi POW-WOW, Wëllefchersrallye, Gilwellcampen, Branchecampen … ;
  • International Aktivitéiten ewéi
  • d’Weltjamboreeë vun 1947 zu Moisson a Frankraïch (Partizipatioun vun 880 jonke Lëtzebuerger) an och 1957 zu Sutton Coldfield an England (632 Jonker vun hei),
  • de JUBICA’82 um Domaine vu Betzduerf, fréier Residenz vum Chef- Scout, en Internationale Camp mat 3 326 Guiden a Scouten aus 24 Länner (4 Kontinenter),
  • déi 9. Europäesch Konferenz vum Guidissem a Scoutissem am Joer 1998 (424 National Responsabel vun héchstem Niveau aus praktesch allen europäesche Länner) am Konferenzzentrum um Kierchbierg.

Den undauernde festen Engagement vum Chef-Scout fir Seng Scouten hu mat sech bruecht, datt Hien eng Rei vun Internationale Scouts-Auszeechnunge kritt huet :

  • Juli 1964. De « SILVER WOLF », déi héchsten Auszeechnung déi d’ « BRITISH SCOUT ASSOCIATION » vergëtt;
  • November 1989 : Am Theater vun der Stad Lëtzebuerg d’ « EUROPEAN RECOGNITION MEDAL » vun der « REGION EUROPE DU SCOUTISME MONDIAL » ;
  • November 1990 : am Kader vun engem grousse Fest am Studio vum Staatstheater, an a Präsenz vum Kinnek Carl-Gustave vu Schweden, Éiere-President vun der « FRATERNITE MONDIALE BADEN POWELL », a villen aneren Éieregäscht d’Ofzeeche vum « BADEN-POWELL FELLOW ». Domat ass de Grand-Duc Jean Member gi vun dëser Fraternitéit, déi d’Verbreedung vum Weltscoutissem favoriséiert ;
  • Mee 1995 : A Präsenz vun den ieweschte Vertrieder vum Welt-an Europäeschem Scoutissem huet de Chef-Scout de « LOUP DE BRONZE » kritt, « en reconnaissance de services à caractère exceptionnel ». De BRONZE WOLLEF ass déi eenzeg Auszeechnong, déi de « COMITE DE L ‘ORGANISATION MONDIALE DU MOUVEMENT SCOUT » vergëtt (bis zu deem Moment goufen ëm déi 250 dëser Auszeechnunge verdeelt) ;

Den 19. November 2005 huet d’LBSA – zesumme mam Secrétaire Général vun der Organisation Mondiale du Scoutisme – zu Betzduerf « GRAND-DUC JEAN : 60 JOER CHEF-SCOUT VUN DER LBSA » gefeiert. De Chef huet mat vill Freed aktiv derbäi matgemach.

Am Joer 2007 huet SAR mat vill Interessi d’Aktivitéiten an d’Festivitéiten am Kader vun 100 JOER SCOUTISSEM suivéiert, a war bei verschiddene selwer derbäi.

Fir de Centenaire vun der FNEL 2014 huet de Chefscout als Éieregaascht der Premiär vun dem Theaterstéck “Op der Sich nom Superscout” bäigewunnt.
Den 1. Mäerz 2019 huet SAR de Grand Duc Jean a Begleedung vum Grand Duc Henri den Lëtzebuerger Guiden a Scouten d’Éier erwisen an un hirer Séance académique fir 100 Joer LGS deelgeholl.

74 Joer laang Chef-Scout sinn, dovun 19 Joer als Ierfgroussherzog a 36 Joer als Staatschef, ass en eenzegaartegen Exploit, net nëmmen um Niveau vum Internationale Scoutissem, mee och vun alle méiglechen aneren Organisatiounen a Mouvementer.

74 Joer laang konnten déi Responsabel an d’Membere vun der LBSA mat engem CHEF-SCOUT zesummeschaffen , Dee staark interesséiert war un alle Froen, déi déi Jonk uginn, Deen ëmmer an ëmmer erëm nei a präzis Propositiounen a Suggestioune bruecht huet, Deen ËMMER BEREET war Äntwerten op d’Froe vun deenen 2 Verbänn ze sichen, an Deen ëmmer frou war, fir kënne bei Senge Scouten ze sinn.

De Chef-Scout huet Säi Scoutsversprieche bis zu Sengem Liewensenn gehalen an ass e Beispill fir déi Jonk an déi Eeler vun haut.
Monseigneur, déi Dausende vu Scouten a fréiere Scouten aus Ärem Land vergiessen Iech net.
Merci Chef. Ce n’est qu’un Au revoir

Fir den SIL „Scouting In Luxembourg“,
Jos Loos,
fréieren Commissaire Général vun den LGS, fréieren President vun der ONGD GS a laangjähregen Wegbegleiter vum Chef-Scout,SAR dem Grand-Duc Jean