Méi aus dem Senegal…

3 Méint am Senegal

Zënter dräi Méint sinn ech elo schonn am Senegal an soumat och an der Halschent vun mengem Volontariat ukomm. Ech muss soen, datt et vill méi schnell gaangen ass ewéi ech am Ufank geduecht hunn. Ech ka mer virstellen, datt déi lescht dräi Méint nach vill méi schnell wäerten ëmgoen.

Am CREPE war am Mäerz d’Evaluatiounswoch, dat heescht, datt an all Klass Tester gemaach ginn an deene verschiddene Fächer fir ze gesinn op wéi engem Niveau se scho sinn. Vu datt ech bei deenen Groussen sinn, entscheet d’Evaluatioun desweideren doriwwer op si d’nächst Joer an den CIFOP (Centre International de Formation Pratique) kënnen an d’Formatioun goen, fir do een Handwierk ze léieren. No der Evaluatioun hunn ech mat deenen zwee Moniteuren aus menger Klass missten ee Rapport schreiwen, deen d’Notten vun der Klass oplëscht an erkläert.

Och d’Schüler mat Handicap goufen evaluéiert, allerdéngs separat, an am Rapport gouf festgehale wéi een Handicap se hunn an wat se, ofgesinn dovun, awer kënne maachen.

Déi Woch drop sinn d’Elteren d’Hefter siche komm an si kruten d’Notten an d’Comportement vun hire Kanner erkläert.

Fir de Rescht vun der Zäit ass meng Aufgab an der Klass, mat de Kanner mat Handicap ze schaffen, wärenddeem déi aner Cours hunn. Gréisstendeels schreiwen ech hinnen eenzel Buschtawen oder Zuelen op Linnen, déi si da mussen ofschreiwen oder ech ginn hinnen d’Saachen auszemolen, fir hier motoresch Fäegkeeten ze verbesseren. Si hu mëttlerweil och een Heft mat Aufgaben, wou se all puer Deeg dra schaffen.

Soss wann et gefrot ass, halen ech och heiansdo ee Cours oder widderhuele mat der Klass Saachen déi si scho gesinn hunn.

Zënter Enn Abrëll hunn ech ugefaangen all Mëttwoch Moien mat der ganzer Klass zesummen ze bastelen, wou mir zum Beispill Origami maachen.

Mat där anerer Volontaire zesummen, hunn mer ugefaange un engem Hygiène Cours ze schaffen, fir de Kanner z.B, beim Houschten d’Hand virun den Mond ze halen, bäizebrengen. Bei deene Klengen vun 5 bis 7 Joer konnten mer och schonn ee Cours halen.

An deenen leschten 2 Méint sinn ech desweideren e bëssen duerch de Senegal gereest. Sou war ech relativ dacks op Thiès, fir Frënn ze besichen an awer och een Dag op Dakar, wou mer d’Monument de la Renaissance kucken an och op en Marché Artisanal waren, vu datt Zäit ze knapp war hunn ech wëlles nach eng Kéier zeréck ze goen fir d’Ile de Gorée ze besichen.

Enn Mäerz ware mer dunn fir ee Weekend op Saint-Louis, wat mir richteg gutt gefall huet. Et huet een sech fir e kuerze Moment erëm wéi an Europa gefillt, wat wierklech schéin awer gläichzäiteg och iergendwéi komesch war. Mir hu mat der Päerdskutsch den Tour vun der Insel gemaach, wou mer déi eenzel Gebailechkeeten an historesch Hannergrënn erkläert kruten. Saint-Louis war nämlech d’Haaptstad an der franséicher Westafrikanescher Kolonie, wat och erkläert, firwat et sou un Europa erënnert.

En plus war ech op meng éischt muslimesch, senegalesesch Hochzäit. De Prinzip vun der Hochzäit, vun den Traditiounen hir, huet mech un eng tierkesch Hochzäit erënnert, well zimlech vill Kaddoën a Suen geschenkt goufen an et ware relativ vill Leit do, sou ëm déi 200. Ënnertanerem muss d’Braut sech 3 mol den Dag anescht undoen, Moies, Mëttes an Owes.

Ech hunn mer mëttlerweil och scho meng éischt senegalesesch Kleeder maache gelooss, nodeems ech mer zu Saint-Louis Schong an eng Ketten kaaft hat. Ech hat mer och Stoff kaaft, fir mer kënnen eng Jupe plus en Ierwëcht schneideren ze loossen. Et war interessant dem Schneider z’erklären wat ech wéilt, well hien ze soen just Wolof geschwat huet. Mee mat Hänn an Féiss hu mer eis iergendwéi verstanen.

Och wann ech mech mëttlerweil gutt agelieft hunn, ginn et awer Saachen un déi ech mech nach ëmmer net gewinnt hunn, wéi zum Beispill d’Loftverschmotzung an de Stëbs. Meng Otemweeër sinn konstant gereizt an ech sinn dowéinst och dacks verschnappt, a vu datt mäi Kierper sech andauernd dogéint muss wieren, sinn ech zimlech midd.

Desweidere gëtt am Senegal generell de Plastik einfach verbrannt, an dat net mol op feste Platzen, mee einfach do wou e grad läit. Dowéinst kënnt et zimlech dacks vir, datt ëss direkt nieft eiser Fënster verbrannt gëtt. An obwuel déi zou ass, zitt et awer liicht an de Raum eran.

Dëse Mount geet och de Ramadan un, wou ech virhunn mat Ausnam vum Drénken mat ze maachen, well de ganzen Dag näischt drénke menger Meenung no einfach net gesond ass.

Ech si gespaant, wéi dat Ganzt wäert oflafen an freeën mech op déi lescht dräi Méint vun mengem Volontariat.