COVID 19 – Message of Solidarity

Dëse Video, verëffentlecht vun 13 lëtzebuergeschen Entwécklungs-ONGen, weist de Besoin fir international Solidaritéit an dëser weltwäiter Pandemie Zäit. De Video weist wéi d’Organisatiounen an hir Partner am  Süden sech mat der Pandemie organiséieren a sech zesummen ëm déi Schwaach këmmeren.

A ville vun deene Länner waart eng aner Kris: en Honger an eng Wirtschaftskris, déi elo schonn eischt Ongläichheeten ervirbréngt. Dofir kënne mir d’Aen net zou maachen, mee mir musse eis Efforten stäerken a Solidaritéit weisen.

D’COVID-19 Kris huet eis mat enger universeller Wourecht konfrontéiert:

Mir sinn alleguer vulnerabel, mee eis Kapazitéit  ze reagéieren ass ganz verschidden. Mir sinn am selwechte Stuerm, mee awer a verschiddene Booter.
Als global Gesellschaft hänke mir vuneneen of. Jiddereen an alles ass matenee verbonnen.

Mir, d’Organisatiounen plädéiere fir  eng Welt ze schafen an där jiddereen an Dignitéit a géigesäitege Respekt ka liewen a kee eleng gelooss gëtt..
Wat kënne mir maachen?
Als Bierger, Regierungen, Gesellschafte musse mir Verantwortung iwwerhuelen an individuell a kollektiv dozou bäidroen  eng méi gerecht Gesellschaft weltwäit opzebauen.

Duerch eis Wiel, eis Stëmmen an eis Handlungen!
• Konsuméier verantwortlech
• Sief inklusiv
• Ënnerstëtz lokal Communautéiten
• Setz dech an fir Gläichheet an Diversitéit
• Lauschter, reech d’Hand an deel
• Reduzéier, gehei net ewech , recycléier
• Gëff Zäit a Suen  fir den Ënnerscheed ze maachen

https://www.youtube.com/watch?v=ep6fSxohqKo

Organisatiounen déi un dëser Initiativ matgemaach hunn:

Comité pour une Paix Juste au Proche Orient, Fairtrade Lëtzebuerg, Fondation Chrëschte Mam Sahel, Frères des Hommes, Kindernothilfe Luxembourg, ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt, Objectif Tiers Monde, partage.lu, SOS Faim, SOS Villages d’Enfants Monde, Toupi Group.