Den eelre Leit als Musikant fir d’Flüchtlingshëllef „Reech eng Hand“

Fräi nom Motto „Musikant ze sinn, dat ass schéin“ ofgeleet vun engem albekannte Scoutslidd ass den Nico Walisch, ee pensionéierte Schoulmeeschter a passionéierte Scout wärend der Pandemie op Tournée bei d’Altersheemer gaangen an huet de Leit vill Trouscht a Freed mat senger Musek geschenkt. Op sengen 150 Optrëtter an deene leschten zwee Joer huet hien net nëmmen ee bësse Faarf an de groen Alldag bruecht, mee och eng stolz Zomm fir de gudden Zweck gesammelt.

Eleng aus den Optrëtter vun 2021 goufen de 27. Januar 2022, 3500 € un d’ONGD Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt an hir Partner-ONGën am Niger, Senegal a Bolivien gespent. Heimadder gi Projeten am Beräich Educatioun ënnerstëtzt. Ee Beräich, deen dem pensionéierte Schoulmeeschter besonnesch um Häerz läit.

Säi Scoutshutt huet hien ëmmer derbäi, hie seet selwer hien hätt de Scouten immens vill ze verdanken, seng Freed um Sangen, un der Natur, säi Beruff, säin Optimismus, seng Astellung zum Liewen a säi Glawen. Hien huet e Repertoire vun iwwer 200 lëtzebuergeschen an auslännesche Lidder parat, déi hien jee no Joreszäit upasst.  Seng Lidder, déi hien alleguer auswenneg séngt, sinn sugur deels aus senger eegener Fieder, treffen den Nerv vun der Zäit a geheien och mol méi ee kritesche Bléck op eis momentan Situatioun. Mat senger Kreatioun „Ech wéilt ech wier immun“, schreift hie mat spatzer Fieder iwwer en aktuellt Thema. Et dierft ee gespaant bleiwen op seng nächst Optrëtter.

Säi neie Projet fir 2022 steet och schonn:

Den eelre Leit als Musikant

fir d’Flüchtlingshëllef „Reech eng Hand“

Interesséiert Altersheemer kënnen hie gäre fir en Optrëtt kontaktéieren. Ganz besonnesch géif den Nico Walisch sech freeë fir an Haiser ze spillen, wou hie bis elo nach net opgetrueden ass. Also mellt Iech roueg iwwer nico.walisch@education.lu.