D’Educatioun läit eis weider um Häerz

Zanter méi wéi 30 Joer engagéiert sech d’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt an der Educatioun. Baséiert op de Scoutismus ass d’Entwécklungszesummenaarbecht am Beräich Educatioun an eiser DNA. Eng sëlleg Projetën am Kanner-, Jugend- an Erwuesseneberäich goufen esou an eise Partnerlänner ëmgesat.

D’ONGD Guiden a Scouten dréit zu der Realisatioun vum véierten Zil vun der nohalteger Entwécklung bäi (ODD 2030): der schoulescher Ausbildung fir jiddereen. D’Educatioun fir jidderee bleift eng Erausfuerderung, virun allem no 2 Joer Pandemie. Et gëtt geschat, datt dës zwee Joer d’Entwécklung um Niveau vun der Educatioun 20 Joër zréckgeheit huet1.

D’Aktivitéiten, déi mir an eisem 8ten Accord Cadre de Coopération (2022-2025) realiséieren, si souwuel d’Ënnerstëtzung vun ëffentleche Schoulen, wéi déi vun alternative Léierzentre fir ufälleg Kanner (Cap Vert, Senegal, Niger) a Schoule fir professionell Ausbildungen (Senegal, Bolivien). Mir erméiglechen benodeelegten Jonker den Zougang zu engem Microcredit fir am Beruffsliewen Fouss ze faassen (Senegal, Bolivien) an ënnerstëtzen d‘Sensibiliséierung duerch communautaire Radioën (Senegal, Niger).

Et ass eisen éischten Accord Cadre, an deem mir och um Cap Vert, engem Zilland vun der lëtzebuergescher Coopératioun, aktiv sinn.

Esou kënne mir zesumme mat eise Partner um Terrain, mat Hëllef vun der lëtzebuergescher Coopératioun an den Done vu deenen déi eis ënnerstëtzen den Accès zu enger besserer Educatioun an enger professioneller Formatioun fir 25.000 Kanner a Jonker, erméiglechen.

E grousse Merci all deenen, déi eis op dëser Aventure ënnerstëtzen.

 

 

[1]Rapport sur les Objectifs du Développement durable des Nations Unies  https://unstats.un.org/sdgs/report/2021/The-Sustainable-Development-Goals-Report-2021_French.pdf