Journée de la Solidarité am Lycée Aline Mayrisch

Musek, Danz, lecker Iessen a villes méi – kuerz virun der Chrëschtvakanz war am Lycée Aline Mayrisch vill lass. Mat hirem Journée de la Solidarité hunn d’Schülerinnen a Schüler Spende fir eise Projet Eguilaye am Senegal gesammelt.

D’Gäng an d’Hale vun der Schoul ware gefëllt mat ville bont Stänn, wou et allerhand ze entdecken a probéiere gouf. Mir vun der ONGD waren och mat engem klenge Stand mat senegaleseschem Konschthandwierk dobäi.

Een grousse Merci un all déi dobäi waren! E grousse Merci fir de Lycée Aline Mayrisch fir de schéinen Dag a fir di super Organisatioun a virun allem déi wäertvoll Ënnerstëtzung fir eise Projet am Senegal!