LGS Versammlungen

Educatioun ass de Pilier vun eiser Aarbecht, wéi och an der Scoutsbeweegung. Eis Missioun ass et Jonker, a besonnesch d’Scouten, iwwer Themen am Zesummenhang mat Entwécklung an Nord/Süd Relatiounen ze sensibiliséieren, fir hinnen ze ënnerstëtzen, verantwortlech Membere vun der Gesellschaft ze ginn, déi sech der Welt bewosst sinn, an där se liewen.

➡️ Mir géifen eis freeën och op eng vun äre Versammlungen ze kommen, schreift eis einfach eng kuerz Noriicht.

 

Informatiounen an Aktivitéite fir är Versammlungen

Als Guiden a Scouten hu mir all d’Verantwortung eis fir eng méi gerecht Welt, de Fridden, d’Fräiheet an d’Solidaritéit anzesetzen. Dei éischten Schrëtt ass, sech ze informéieren. Eise 4 spannend „Learning Snacks“ sinn dofir genee dat richtegt! Kuckt eran, informéiert iech a kritt Iddien, fir d’Themen mat Spiller a Aktivitéiten an är Versammlungen opzehuelen.

Eis Kaartespill (FR)

Dëst interaktive Spill stellt d’Verbindungen tëscht Entscheedungen an hir Implicatiounen duer. Et beliicht d’perséinlech Bezéiungen, d’Bildung, de Klimawandel, d’Aarbechtsbedingungen an d’Realitéit an engem Land am Süden.

➡️ Le jeu de la Ficelle sur l’Éducation.pdf

 

Eisen Spillclasseur (LU)

Den Spillclasseur gouf an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am September 2010 herausginn – als Hëllefstellung an praktescht Instrument vun der Entwécklungs- a Friddenserzéiung vun den LGS.

➡️ Spillclasseur – Zesumme fir eng Welt.pdf

 

Direkt zu den Spiller an Aktivitéiten aus dem Spillclasseur (LU)

➡️ Smokey Mountain.pdf (Thema: Liewen an Aarmut)

➡️ De Birame aus dem Senegal erzielt.pdf (Thema: Kannerrechter)

➡️ Fair Banann.pdf (Thema: Fairen Handel)