Mäi Séjour am Senegal

Salaammaleekum, mäi Numm ass Joyce (bzw. Fatou am Sénégal)

Ech sinn elo well 3 Méint hei, also genee an der Halschent vu mengem Volontariat.

Wat gëtt et also Neies?

Op menger Aarbecht am Centre Crepe hunn ech d’Alphabet an d’Zuelen vun 0-10 illustréiert fir dës an eise Klassesall ze hänken.

Niewebäi ginn ech de behënnerte Kanner Schreifübungen a kleng Skizze fir auszemolen. An punkto Santés-Cours huet sech nach net vill gedoen.

Ech hunn zesumme mam Lis ee Cours bei enger vun deenen zwou klenge Klasse gehalen. Ziel vun dem Cours war et de Kanner baizebrengen den Arem beim Houschten viru de Mond ze halen.

Fir de Recht läit dëse Projet op Äis well kee Plastik fir an d’Plastifizéiermaschinn do ass.

Wat hunn ech an deene läschten 2 Méint gesinn?

Ech war op der Hochzäit vum Nafy sengem Monni a senger zweeter Fra.

Ech war op St.Louis mam Lis a mam Ousmane. Do hu mir eng Kutschfahrt duerch d’Stad gemaach. Mir waren 2 Muséeë kucken. Mir hunn de Fëschmaart besicht, wou d’Fësch och am Salz gedréchent ginn, (wat ech kengem mat empfindlecher Nues oder schwaachem Mo urode géif).

Mir hunn de Sonnenopgank iwwert dem Mier gesinn.

Mir waren op enger Geesse Foire wou et souguer e Schéinheetsconcours fir Geessen, bestoend aus enger Jury vun Experten an eenzel virgefouerte Geessen, gouf.

An net ze vergiesse ware mir den Dach drop bei en Wahrsager deen dem Ousmane e Gespréich mat engem Geescht an enger klenger gliesener Waasserfläsch erméiglecht huet. Ziel vun dësem Gespréich war et, sech ze vergewësseren, dass seng Hochzäit gutt lafe wäert.

Den 10. Abrëll ass d’Pauline bei eis wunne komm (Hat ass eng Stagiär aus Frankräich), an ass e Mount bliwwen. Ouschteren hu mir alle 4 bei Frënn vum Nafy gefeiert.

Viru ca engem Mount war ech mam Lis op e Concert zu Thies. Dëse sollt laut Flyer um 7 ufänken. Um 8 ware mir do. Um 9 war fäerdeg opgeriicht an de Soundcheck huet ugefaangen.

Um 11 hunn déi aner Leit ugefaange mat optauchen an um 23h30 huet de Concert dunn ugefaangen.

Dozou muss ee soen dass e Concert am Senegal eng aner Saach ass wéi bei eis.

Et war virun allem Playback mat Animatioun woubäi sech déi Mannsten d’Méi gemaach hunn de Mikro iwwerhaapt bei de Mond ze hale wärend am Lidd ee sengt.

Security oder Kontrolle vun der Posch gëtt et och net, sou dass bei engem “Rap-playback-iergendeppes” een Teenager mat Raumspray a Bricket op d’Bühn gelaf ass a méi oder wéineger fir Spezialeffekter gesuergt huet. De Spaass huet bis 3 Auer gedauert. Fazit: Ech muss net onbedéngt nach e mol op sou ee Concert.

Da war ech nach op Rufisque mam Nafy a mam Pauline, bei dem Nafy seng Famill op Besuch fir e Weekend. Ech hunn do op engem Schoulfest enger vun de Beschte Schülerinnen (ganz offiziell a feierlech) e Kaddo iwwerreecht.

Den 7. huet de Ramadan hei ugefaangen. Déi eicht 3 Deeg hunn ech duergehale mee vue dass dat bei eis Doheem net esou streng gekuckt gëtt, lappen ech an der Läscht e bëssen.

Ech hu mir och mëttlerweil en Hobby zougeluecht. Densdes a Freides no der Schoul trepplen ech mam Lis an de Cifop wou de Camu eis Poterie-Couren hält.

Ass zimlech schwéier mee de Camu huet eng Engelsgedold sou dass souguer mir op der Dréiplack eppes fäerdeg bréngen.

Zu gudder Läscht géif ech soen dass ech no 3 Méint Volontariat vill Guddes a vill Schlechtes gesinn hunn an och wann ech d’ Liewen hei 10 mol méi ustrengend fanne wéi Doheem ass et awer 10 mol manner stresseg.