Ënnerstëtzung vun der ONG Gakassiney 2015-2017

Strukturell an Organisatoresch Ënnerstëtzung vun der ONG Gakassiney

D’Zesummenaarbecht tëschent dem nigereschen an dem lëtzebuerger Scoutsverband ass duerch den Austausch vu Guiden a Scoute während de Campschantieren am Niger entstanen. Dësen Austausch huet et erméiglecht fir zu Niamey am Quartier Koira Tégui (Centre Zumuntchi) verschidde Formatiounen an interkulturell Aktivitéiten op d’Been ze setzen.
Am Centre Zumuntchi goufen, a ginn och weider, Formatiounen, Sensibilisatiouns-Versammlungen an Animatiounen ugebueden. Fir d’Aarbecht am Centre ze stäerken an ze verbessere gouf eng nigeresch ONG gegrënnt. Zanterhier ass d’ONG Gakassiney de Partner vun der ONGD Guiden a Scoute fir ENG Welt fir d’Entwécklungsprojeten zu Koira Tégui.

Lokal Partner
ONG Gakassiney – ONG des Scouts du Niger

Zieler
D’Ziel vum Projet ass d’Erhalen an d’Verbessere vun der Infrastruktur, wéi zum Beispill duerch d’Installatioun vun engem Solarenergie-System, vum Formatiouns- an Informatiounszenter zu Koira Tégui.

Donieft gouf e Radiosender fir de Scoutszentrum an d’Communautéit vu Koira Tégui opgebaut, deen d’Leit aus dem Quartieren iwwer verschidden Aspekter vum Liewen informéiert a fir verschidden Themen, wéi zum Beispill Hygiène oder Kannererzéiung, sensibiliséiert.

Aktivitéiten
Tëscht 2015-2017 gi folgend Aktivitéiten ëmgesat:

  • Renovatioun vun der Solaranlag vum Scoutszentrum, fir och weiderhin eng gutt elektresch Versuergung ze garantéieren
  • Organiséiere vu Formatioune fir d’Mataarbechter vum Radiosender
  • Ausstrahle vu Sendungen
  • Organiséiere vu Formatioune fir Jonker aus der Géigend vu Koira Tégui zum Thema “gemeinschaftlech Entwécklung”
  • Renovéiere vum Informatik-Sall
  • Akaf vu Bicher fir, an Organiséiere vun Animatiounen an, der Bibliothéik vum Zentrum

Dauer: 3 Joer (2015-2016-2017)

Gesamtbudget: 193.228 €
Budgeten op d’Joer gekuckt:

  • 2015: 67.392 €
  • 2016: 38 443 €
  • 2017: 57 393 €

Beneficiairen: Em déi  4000 Jonker am Alter vu 7 bis 25 Joer aus dem Quartier vu Koira Tégui, souwéi d’Scouten aus dem Niger. Et gëtt geschat, dass ronn 30.000 Leit d’Sendunge vum Radiosender lauschteren.